De Charles Heintz, ee vu villen deportéierte Lëtzebuerger, huet dem Paul Katow erzielt, wéi hien dës grujeleg Zäit materlieft a Mauthausen iwwerlieft huet.
No dëser gräisslecher Dot war de Charles Heintz awer mol nach net a Mauthausen ukomm. Et läit nach vill virun him, éier hie vun den Amerikaner befreit gëtt a säin Wee zeréck op Lëtzebuerg kann ugoen. Mee zum Gléck ass hien ee vun deene Glécklechen, déi dat Ganzt iwwerlieft hunn, an eis dësen Temoignage konnt hannerloossen.