De radio 100,7 Archiv Zäitzeien: Catherine Even, Wiertsfra

Am Abrëll vum Joer 2000 haten d'Mick Entringer an d'Françoise Medernach deemools eng vun deenen eelsten Wiertsfraen aus dem Land op Besuch, an zwar d'Catherine Even vun Huewel. Si hat Ufank den 80er Joren de Café zu Huewel vun hirem Pap iwwerholl a geleet. Virdrun hat si als Kannermeedchen fir den Comte de Limburg Stirum zu Huldenberg an der Belsch geschafft. An déi Erfarung huet hir nawell gehollef, déi erwuesse Kanner an hirem Café ze erzéien.

Béier
Bigstock - master1305

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen