De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Raymond Weber

Am Dezember 1993 hat de Jean Portante de Raymond Weber bei sech am Gespréich an der Serie "Visittekaart" . De Raymond Weber kéint ee wéi en Dirigent vun der nationaler an internationaler Politik beschreiwen. Hie war am Joer 1993 Direkter vu verschiddene Posten, wéi zum Beispill directeur du développement culturel et de la création artistique bei der UNESCO an och directeur de l'enseignement, de la culture et du sport beim Conseil de l'Europe, wou hien ënner anerem dru geschafft huet d'Molkerei La Laiterie zu Stroossbuerg an e Concerts- an Kulturhaus ëmzebauen, esou wéi mir d'Schluechthaus zu Esch hunn.

Zur Kulturfabrik an der Kulturpolitik allgemeng hat de Raymond Weber 1993 beim Jean Portante e puer schaarf Wierder.

Raymond Weber
Foto: SOS Faim Lëtzebuerg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Programmchef/fin

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen