De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Marcel Wengler
Am Januar 1994 hat de Jean Portante e Gespréich mam Komponist an Dirigent Marcel Wengler. Zesummen hu si op d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg gekuckt an natierlech besonnesch op d'Musekszeen. Wat déi zwee Protagoniste bei dësem Interview awer net wossten, ass datt si op der Piste vun engem Evenement waren, dat ee Joer duerno Realitéit gouf. An zwar Decisioun vun RTL de Kontrakt mam RTL Orchester net ze erneieren.
