Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spillplaz: De Generalstreik vun 1942

De radio 100,7 Archiv

Spillplaz: De Generalstreik vun 1942

De Generalstreik vun 1942. Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon an enger grouss ugeluechter Propaganda-Manifestatioun de Lëtzebuerger ugekënnegt, datt hir Jonge géifen agezu ginn. Den 31. August 1942 huet Lëtzebuerg Nee gesot.

auto_stories

1 min

Dëst ass en Hörspill vum Fränk Feitler aus dem Joer 1994, wat deemools ënner der Regie vum Steve Karier fir de radio 100,7 opgeholl gouf.

Am Stéck "De Generalstreik vun 1942" ginn d'Evenementer vum 100. Joresdag vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, iwwer d'Occupatioun vum Land duerch Nazi-Däitschland bis bei an iwwer de Generalstreik vun 1942 eraus nogezeechent. Dëse Generalstreik war d'Suite vun der Annonce vum Gauleiter Simon, den 30. August 1942, datt d'Lëtzebuerger Jonge fir d'Wehrmacht mussen an de Krich zéien.

Un Hand vun historeschen Temoignagen huet de Fränk Feitler dës Radiochronik viru 26 Joer realiséiert.

De Generalstreik vun 1942

En Hörspill vum Frank Feitler

Regie: Steve Karier