De radio 100,7 Archiv Op Besuch: beim Wil Lofy

Wie kennt net dem Wil Lofy säin Hämmelsmarsch-Buer um Roude Pëtz, d'Mauskätti-Skulptur zu Munneref oder d'Botterfra vun Ettelbréck an de Bacchus-Buer vu Réimech. All dës Wierker hunn de Moler a Sculpteur beim breede Publikum bekannt gemaach. Awer de Kënschtler Wil Lofy, deen den 31. Januar 1937 zu Esch op d'Welt koum, ass méi villsäiteg wéi esou. Hien huet Wierker a vill verschiddene Konschtrichtunge geschafen: Miwwelen, Timberen, Péckvillercher a ganz besonnesch Biller, Statuten a Skulpturen.

Botterfra
Wikimedia Commons

Wie kennt net dem Wil Lofy säin Hämmelsmarsch-Buer um Roude Pëtz, d'Mauskätti-Skulptur zu Munneref oder d'Botterfra vun Ettelbréck an de Bacchus-Buer vu Réimech. All dës Wierker hunn de Moler a Sculpteur beim breede Publikum bekannt gemaach.

Wéi koum et dozou, wie sinn déi Skulpturen a wat verzielt de Wil Lofy selwer iwwer si? Am Oktober vum Joer 2007 war de Claude Mangen beim Artist a Liewenskënschtler op Besuch.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen