Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch beim René Kartheiser

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch beim René Kartheiser

Am Juni 2008 war de Claude Mangen de Lëtzebuerger Schrëftsteller René Kartheiser besichen. De René Kartheiser koum am Joer 1926 zu Schëffleng op d'Welt. Also war hien ee richtege Minetter, deen och gesinn huet, wéi deemools d'Männer op d'Schmelz an an d'Minett schaffe gaange sinn. Mir ginn ënner anerem gewuer, wéi et dozou koum, datt vun de 70er Joren un de René Kartheiser esou vill publizéiert huet, mat och e puer Iwwerraschunge fir eis Oueren.

auto_stories

1 min

De René Kartheiser ass gebiertege Minetter a koum den 22. Januar 1926 zu Schëffleng op d'Welt. 1946 huet hie seng Première zu Esch am Jongelycée gemaach. Seng Professere Marcel Reuland an Tit Schroeder hunn him d'Freed un der Lëtzebuerger Sprooch vermëttelt. Bis 1986 war hien Employé bei verschiddene staatleche Verwaltungen.

De René Kartheiser schreift ausschliisslech op Lëtzebuergesch. Seng Gedichter sinn eng Mëschung aus Naturlyrik an engagéierter Lyrik, déi ufanks ganz an der Traditioun vu senge Léiermeeschtere stoungen. Spéider ass hien nei an eege Weeër gaangen. A sengen deels autobiographesch gefierfte Prosagedichter, Kuerzgeschichten an Erzielungen analyséiert hien Evenementer an Erliefnesser op eng kritesch Manéier. Eng vu senge schéinste Kannergeschichten ass "Rick", déi souguer an d'Russescht iwwersat gouf. 1978 krut hien deen éischte Präis beim Nationale Literaturconcours. D'Aktioun Lëtzebuergesch huet hien 1991 mat der Dicks-Rodange-Lentz-Plaquette fir besonnesch Verdéngschter ausgezeechent.