De radio 100,7 Archiv Op Besuch bei der Marie-Paule von Roesgen

Si ass eng vun de ganz groussen Damme vun der Lëtzebuerger Theaterzeen, déi sech awer léiwer am Hannergrond hält. Déi Kéier stoung d'Marie-Paule von Roesgen awer am Mëttelpunkt. Gebuer gouf si als Marie-Paule Reisen de 5. November 1931 an der Stad. Niewent onzielege Rollen als Theater- a Filmschauspillerin huet si vun 1979 bis 1996 franséisch an däitsch Dictiounscoursen um Stater Conservatoire ginn.

De Claude Mangen huet sech 2007 mat der Marie-Paule von Roesgen ënnerhalen iwwer e laangt a spannend Kapitel Lëtzebuerger Theatergeschicht, dat si staark mat markéiert huet.

Marie-Paule von Roesgen am Film AMOUR FOU
© AMOUR FOU Luxembourg

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen