De radio 100,7 Archiv Op Besuch bei der Margret Steckel

Am Abrëll 2008 war de Claude Mangen bei der Margret Steckel op Besuch fir iwwer hir Erliefnesser ze schwätzen. D'Schrëftstellerin koum am Abrëll 1934 a Mecklenburg op d'Welt. Si erënnert sech un den Zweete Weltkrich a virun allem un d'DDR, déi si 1955 fir West-Berlin verlooss huet. Nächst Etappe ware 14 Joer an Irland an England mat hirem Mann, éier si sech 1983 zu Lëtzebuerg niddergelooss huet. 1997 krut d'Margret Steckel eng Unerkennung vun hirem neien Heemechtsland Lëtzebuerg: de Prix Servais.

Margret Steckel

Am Gespréich mam Claude Mangen erzielt d'Margret Steckel 2008 iwwer hir verschidde Liewensetappen an d'Passioun vum Schreiwen:
D'Margret Steckel, 1934 a Mecklenburg gebuer an opgewuess, huet d'DDR 1955 verlooss, fir no engem engleschen Dolmetscherstudium zu Westberlin als Assistentin fir Dramaturgie an Dréibuch beim Film ze schaffen. No 15 Joer an England an an Irland koum d'Autorin 1983 mat hirer Famill op Lëtzebuerg. Si schafft als Iwwersetzerin a Literaturkritikerin an ass eng vun eise beschten däitsch-sproochege Schrëftstellerinnen.

D'Margret Steckel schreift Romaner, Erzielungen a Kuerzgeschichten. 1982 krut si den Hamburger Literaturpräis fir Kurzprosa an 1997 de Prix Servais fir d'Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz". Och hire Roman "Die Schauspielerin und ich" vun 2003 gouf vill gelueft. Zu deene rezente Wierker zielen "Das letzte Konzept" an "Auf Rufweite".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen