Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch beim Josy Braun

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch beim Josy Braun

Iwwersetzer, Sproochwëssenschaftler, Acteur op der Bün an am Film, Kabarettist, Auteur vun Theaterstécker, Héierspiller, Gedichter, Romaner a Kannerbicher, alles dëst huet den Invité Josy Braun, bei deem de Claude Mangen am Januar 2008 op Besuch war, opweises. Kannerbicher schreiwen huet den Josy Braun awer net vun Ufank u gemaach. Wéi ass dozou koum an wéini? Dëst a vill méi erzielt hien eis an dësem Interview.

auto_stories

1 min

De Journalist a Schrëftsteller ass zu Wecker opgewuess, goung zu Biwer an d'Primärschoul a spéider op Clairefontaine an de Kolléisch. Nom Militärdéngscht huet de Josy Braun an der Usine de Wecker ugefaange mat schaffen, fir dann tëschent 1960 a 1972 Gewerkschaftssekretär beim LCGB ze sinn.

1973 koum hien op Esch an d'Redaktioun vum Tageblatt a blouf bis 1991 haaptberufflech Journalist. Zanterhier war hie fräischaffende Schrëftsteller. Brauns Jos seng Interesse ware villsäiteg: Iwwersetzer, Sproochwëssenschaftler, Acteur op der Bün an am Film, Kabarettist, Auteur vun Theaterstécker, Héierspiller, Gedichter, Romaner a Kannerbicher.

Véier Konstante loossen sech am Wierk vum Josy Braun erauskristalliséieren: satiresch a gesellschaftskritesch Texter, Lëtzebuerger Geschicht, Kanner- a Jugendliteratur an d'Lëtzebuerger Sprooch.

De Claude Mangen huet sech 2008, bei Geleeënheet vum Josy Braun sengem 70., iwwer all dës villsäiteg Aktivitéiten ënnerhalen, awer och iwwer seng Aarbecht als Journalist zu enger Zäit, wou villes am Ëmbroch war.