Radioen

On air

Notturno  |  Hand Habits - Private Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch beim Alain Atten

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch beim Alain Atten

Am Februar 2008 war den Claude Mangen op Besuch beim National- a Lokalhistoriker, Archivar, Linguist, Dialektolog, Ethnolog, Folklorist, Literaturwëssenschaftler a Schrëftsteller Alain Atten.

auto_stories

1 min

Zanter de 60er Jore publizéiert den Alain Atten national- a lokalhistoresch, linguistesch a literaturwëssenschaftlech Bäiträg an Zeitungen an Zäitschrëften. Den Historiker, Linguist, Literaturwëssenschaftler an Theaterauteur gëllt als unerkannte Spezialist vum Mëttelalter. Säin Interesse gehéiert der Kulturgeschicht vun eisem Land an hien erënnert u Folklor, Traditiounen a Bräich, regional Sproochvariatiounen a war vun 1970 u Member an der Dictionnaire-Kommissioun. Bis haut zerpléckt hien op RTL-Radio als Sproochmates Lëtzebuerger Riedensaarten.

Gebuer gouf den Alain Atten den 22. Februar 1938 zu Esch un der Sauer. Nom Kolléisch zu Dikrech an dem Jongelycée an der Stad, goung hien op de Cours Universitaire. Bis zu senger Pensioun huet den Invité als Archivar a Conservateur an den Nationalarchive geschafft. Seng linguistesch an historesch Interesse huet hien och an den Déngscht vum Duerftheater gestallt. Hie war erfollegräich als Auteur mat Stécker wéi ë. a. "d'Jongesellekëscht (1983), "Polferkäpp" (1991), "D'Klëppele bei d'Tromm" (1995) a mat den Operetten "De Ligebarong" (1985) an "De Päerdsdéif" (1991).

Eng Emissioun vum Claude Mangen vum Februar 2008.