Ee sensationelle Succès fir de Lëtzebuerger Sport gouf et 1961 bei der Weltmeeschterschaft am Waasserschi an Amerika, wéi zu Long Beach a Kalifornien d'Sylvie Hülsemann, mat knapps 16 Joer, de Weltmeeschtertitel mat op Lëtzebuerg bruecht hat. No 23 Joer Aktivitéit am Waasserschi kann d'Sylvie Hülsemann haut een eemolege Palmarès an allen Discipline presentéieren. Esou krut si bei 8 Weltmeeschterschaften 2 mol Gold, 3 mol Sëlwer a bei den Europameeschterschafte vun am Ganze 26 Medailen 9 mol Gold, fir nëmmen dës Auszeechnungen ze nennen. Dofir gouf si, ë.a. 1997, vun der "International Water Ski Federation" an d'Galerie "Hall of Fame" opgeholl. Zesumme mat hiren Elteren, déi Trainer a Sponsor an enger Persoun waren, kuckt d'Sylvie Gutenstein-Hülsemann op hir exemplaresch Sportler-Karriär zréck. Am Gespréich mat derbäi ass och hire Mann, de Peter Gutenstein. Eng Emissioun vum Carlo Link.