An de 50er a 60er Jore war den Numm vum Equilibrist, Roger Quaino (1927) op den Affiche vun de bekanntste Variétéheiser an Zirkussen a ganz Europa ze léisen, wéi ë.a. aus de Stied Berlin, Genève, Kopenhagen, London, Paräis, Roum, fir nëmmen dës ze nennen. Mat senger Fra Gisèle, déi him assistéiert huet, stoung de Roger Quaino zesumme mat de gréisste Staren aus dem internationale Showgeschäft vun deemools op der Bün. Grousse Succès hat si 1959 wärend siwe Méint op enger Tournée duerch Australien an de Groussstied Adelaide, Sidney, Melbourne.
Op enger eegene Konstruktioun vun néng Meter héich hat sech den Equilibrist Roger Quaino ë.a. mat enger Hand an d'Wo bruecht an dat op dräi Réng, déi op enger Glaskugel stoungen. Esou hat d'Weltpress de Lëtzebuerger Starartist beschriwwen: "Quaino, the balancing Star", "Roger Quaino scheint die Gesetze der Schwerkraft aufgehoben zu haben", "Un phénomène de la Balance". De Roger Quaino verzielt, wéi hie vum Cycliste zum Equilibrist gouf a wéi hie säin Dram vum Berufsartist realiséiere konnt. Beim Gespréich mat derbäi ass seng Fra a fréier Assistentin op der Bün, d'Gisèle. Eng Emissioun vum Carlo Link.