Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Marcel Mart

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Marcel Mart

Am September 2005 war de Carlo Link fir seng Emissioun Erlieft a Verzielt beim Lëtzebuerger Affekot, Journalist a Politiker Marcel Mart op Besuch. 1927 zu Esch-Uelzecht gebuer, ass hien am November 2019 verstuerwen. De fréiere fräie Mataarbechter vum Wocheblat Land, deen eigentlech Dokter wollt ginn, schwätzt iwwer seng Kandheet, säin Elterenhaus a beschreift, wéi et zu deenen eenzelen Etappen a sengem gutt gefëllte Beruffsliewen koum, ë. a. war de Marcel Mart vun 1969-1977 Energieminister.

auto_stories

1 min

Dee gebiertegen Escher (1927), Jurist vu Formatioun, hat sech an de Joren 1955-60 als éischte Redakter an der internationaler Agence Europe fir Wirtschafts-, politesch a Finanz-Informatiounen zu engem brillanten Expert an dëse Beräicher entwéckelt. Niewent Funktioune bei der CECA an diversen europäeschen Institutiounen a Vertriedungen zu Bréissel an New York, gouf de Marcel Mart 1969 vum Gaston Thorn an d'Regierung Werner-Schaus geholl. Vun 1969-77 war hie Minister mat de Portefeuillë Wirtschaft, Mëttelstand, Tourismus, Transport an Energie.

Zanter 1977 Member vun der Cour des Comptes des Communautés Européennes, mat der Direktioun fir d'Kontroll am Beräich vun der Entwécklungshëllef, gouf de Marcel Mart 1984 zu hirem President gewielt. Weider Funktiounen, déi hien hat, waren am Déngscht vum Grand-Duc, ë. a. vun 1990-93 als Maréchal de la Cour. De Marcel Mart, deen nach President vun de Foires internationales war, koum 1990 an de Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg, wou hie vun 1993 bis Mee 2005 de President war.

De fréiere fräie Mataarbechter vum Wocheblat Land Marcel Mart, deen eigentlech Dokter wollt ginn, schwätzt iwwer seng Kandheet, säin Elterenhaus a beschreift, wéi et zu deenen eenzelen Etappen a sengem gutt gefëllte Beruffsliewen koum.

Eng Emissioun vum Carlo Link vu September 2005. Am November 2019 ass de Marcel Mart verstuerwen.