Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Marcel Lamboray

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Marcel Lamboray

Op Initiativ vum Guy Thewes ass 2002 een Interview mam Marcel Lamboray gemaach ginn, wou hie seng Erliefnesser als Zwangsrekrutéierten am Zweete Weltkrich verzielt.

auto_stories

1 min

De Marcel Lamboray, deen 1925 gebuer gouf, verzielt iwwer seng Situatioun am Zweete Weltkrich, wou hien nom "Arbeitsdienst" als Zwangsrekrutéierten un der Front a Pole géint d'Russe gekämpft huet. Spéider no engem Openthalt am Lazarett, koum hien an amerikanesch Gefaangenschaft a konnt mat 62 anere Lëtzebuerger nees zeréck a seng Heemecht goen.

Hien erënnert sech och un een Erliefnes aus der Gefaangenschaft bei den Amerikaner, wéi ee preisesche Generol, deen duerch Zoufall an dëst Lager gerode war, sech opgespillt hat, fir do eng Zort Regiment ze féieren.

De Carlo Link huet d'Gespréich verschafft.

Aus dësem Gespréich ass déi nei Serie "Erlieft a Verzielt" um 100,7 entstanen, déi vun 2003 bis 2014, an der Reegel eemol de Mount, diffuséiert gouf.