An der honnertjäreger Geschicht vum Stater Conservatoire gouf de Josy Hamer (1925), fréieren éischte Geiist an Hautboist am RTL-Orchester, no engem Concours, 1965 éischte Lëtzebuerger Direkter vun dëser Institutioun.
De Josy Hamer, dee seng Studien um Conservatoire Royal de Bruxelles gemaach hat, kuckt zeréck a beliicht d'Reorganisatioun an d'Weiderentwécklung vum Conservatoire tëschent de Jore 65 an 89, wou ënner senger Direktioun, niewent der Kreatioun vu verschiddenen Orchester-Formatiounen a Chéier, de Projet vun engem neie Gebai realiséiert konnt ginn. Eng Emissioun vum Carlo Link