Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Jemp Bertrand

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Jemp Bertrand

Am November 2005 hat de Carlo Link en Interview mat engem fréiere Steierbeamten, Hobby-Politiker, Hobby-Jurist a Krich-Resistenzler, deen aus dem KZ-Hinzert fräi koum. Rieds ass vum Jemp Bertrand vu Mënsbech aus der Gemeng Schëtter.

auto_stories

1 min

De Jemp Bertrand (1921) vu Mënsbech aus der Gemeng Schëtter, fréiere Steierbeamten, Hobby-Politiker an Hobby-Jurist, ass tëschent de Joren 1958 an 1999 meeschtens mat eegene Lëschte bei lokalen an nationale Walen ugetrueden. Mat der Lëscht De Steierzueler war hien eng leschte Kéier 1999 bei de Chamberwalen am Bezierk Zentrum an d'Course gaangen. Donieft hat hie sech ë. a. an der Vereenegung Lëtzebuerg-Siebenbürgen agesat.

De Jemp Bertrand, deen am Krich Resistenzler war, aus dem KZ-Hinzert fräi koum, kuckt zeréck a schwätzt doriwwer, wat hie beweegt huet an der Politik matzemëschen a mécht de Bilan, wat hien op dësem Gebitt bewierke konnt.

Eng Emissioun vun 2005 vum Carlo Link