De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Georges Schmit
Am Mäerz 2005 huet de Carlo Link engem Beroder a Begleeder vu jonke Leit d'Wuert ginn, dee ville Léiermeedercher a Léierbouwen, wéi och de Meeschtere vun etlechen Handwierker hei zu Lëtzebuerg bekannt ass. Rieds ass vum Georges Schmit.

Zanter 1974 war de Georges Schmit Beroder a Begleeder vu jonke Leit, déi an enger Handwierksléier waren, vu Vertragsufank bis -enn zesumme mat de Léiermeeschteren(eschen) an de Schoulleit. An de 70er Joren huet hie sech agesat, datt och Fraen an de Männerberuffer ausgebilt géife ginn. Seng Verdéngschter sinn ë. a., datt d'Prisonéier en Handwierk am Prisong léiere kënnen. Am Beräich vun de Behënnerten huet hie beim Opbau vun den Ateliers Protégés matgeschafft.
De Georges Schmit, deen och Grënnungsmember vun SOS Détresse ass, verzielt vu senge Kannerjoren zu Bouneweg, wéi hien zum Handwierk koum a vun de Schwieregkeeten, déi hie spéider begéint huet beim Ëmsetze vun deene verschiddenen neien Iddien an Initiativen. Eng Emissioun vun Carlo Link.