De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Ernest Michels
Am Juni vum Joer 2005 krut den Carlo Link en Abléck an d'Aarbecht vum fréiere Protokollchef am Staatsministère. Den Ernest Michels, 1930 gebuer, huet vun 1955 bis 1991 am Staatsdéngscht geschafft an dovun 33 Joer am Staatsministère ënner de Premierministere Pierre Werner, Gaston Thorn a Jacques Santer.

Vun 1955 bis 1991 war den Ernest Michels (1930) am Staatsdéngscht beschäftegt, dovun hat hien 33 Joer am Staatsministère ënner de Premierministere Werner, Thorn a Santer gedéngt. Seng Funktioune si gaange vum Administratiouns-Personalchef iwwer d'Koordinatioun vun de Chamberwalen, d'Direktioun vum Büro vun den nationale Verdéngschtuerde bis hin zum Chargé du protocole am Staatsministère.
Besonnesch an dëser leschter Funktioun hat sech den Ernest Michels en Numm gemaach, deen iwwer d'Grenze bekannt war, als Koordinator bei Staatsvisitten an der Zesummenaarbecht mat der Cour Grand-ducale an dem Protokoll vum Ausseministère oder als Matorganisateur vu verschiddenen ëffentleche Fester a Zeremonien, wéi bei Empfäng vun der Regierung. Hei war Fangerspëtzegefill, Organisatiounstalent an Erfarung gefrot, zemol wann am leschte Moment de Programm changéiert huet a wann huet missen improviséiert ginn.
Den Inspecteur principal honoraire Ernest Michels kuckt zeréck a verzielt vu senge verschiddene Funktiounen am Staatsministère am Kontakt mat de Politiker an anere Perséinlechkeeten, wou et un Anekdoten net feelt.
Eng Emissioun vum Carlo Link aus dem Joer 2005