Op Lëtzebuerger Säit, wou d'Amerikaner zanter September Positioun bezunn haten, ware quasi all d'Uertschaften an de Gebidder ronderëm Stied wéi Iechternach, Dikrech, Klierf, Veianen a Wolz vun der Offensiv betraff. D'Zivilbevëlkerung, déi net méi evakuéiert konnt ginn oder fortlafen, hat sech an d'Kellere vun den Haiser geflücht.
Den Adolphe Betzen vu Furen, de Pierre Eicher vu Maarnech an de Nic. Henrotte vu Wäiswampech kucken am Dezember 2004 60 Joer zeréck a verzielen hir Erliefnesser wärend der Ardennenoffensiv.
Eng Emissioun vum Carlo Link.