D'Madamm Anne Labonté-Schwartz verzielt aus hirem Liewen: wéi si nach an déi al Schoul goung, déi am Schlass-Nothumb ënnerbruecht war, wéi si zu Paräis am Déngscht war a wéi sech Péiteng am Laf vun der Zäit verännert huet, z. B. wéi d'Gare gebaut gouf.
Am Alter vun 100 Joer goung si nach all Dag eng Stonn spadséieren, donieft huet si hirem Jong am Stot mat der Streck a beim Kachen gehollef a sech drop gefreet, all Joer an Éisträich an d'Vakanz ze fueren. Eng Emissioun vum Carlo Link.