De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Abbé Georges Vuillermoz

Am Oktober 2005 war de Carlo Link fir seng Serie Erlieft a Verzielt bei den Abbé Georges Vuillermoz a gouf méi iwwer säi Liewe gewuer. Den Abbé Georges Vuillermoz hat vill verschidde Funktiounen: vu Kaploun an der Kathedral bis zum Affekot vun der Réimescher Rota. Den Abbé Georges Vuillermoz war keen, deen ee Blat virun de Mond geholl huet an huet och mol Kritik géintiwwer der Kierch ausgedréckt.

Georges Vuillermoz
© 2021 Luxemburger Wort – Photographe : Guy Jally – Tous droits réservés – Des licences d’utilisation de droits d’auteur peuvent être obtenues à travers www.luxorr.lu

Dem Abbé Georges Vuillermoz (1925), Domkapitular an Aumônier um groussherzoglechen Haff, seng Stëmm ass nach Villen am Ouer duerch d'Sonndesmass um Radio, wou hie wärend Joren als Chargé des médias am Bistum fir d'Retransmissioune Responsabel war.

De Georges Vuillermoz, deen am Krich ë. a. Zwangsrekrutéierte war, hat no engem Ingenieursstudium zu Lëtzebuerg an Zürech en Theologiestudium ugefaangen, dat hien 1955 zu Roum un der Gregoriana als promovéierte Jurist am kanounesche Recht ofgeschloss huet. No der Nominatioun 1958 als Kaploun vun der Kathedral war hie Sekretär am bëschofleschen Ordinariat. Aner Nominatiounen a Funktioune waren ë. a. Verteideger um kierchleche Geriicht, Direkter am Konvikt an Aumônier am Erzéiungshaus zu Schraasseg. No engem Studium a Praktikum un der Réimescher Rota tëschent 1982 a 85 gouf hien zum Affekot vun dëser Institutioun genannt an 1991 zum Bëschofsvikar fir Kiercherecht a Medien.

Den Abbé Vuillermoz, deen an der Zäit mol Fallschierm gesprongen ass, an dee mat senger kritescher Meenung, och géintiwwer der Kierch, net hanner dem Bierg bleift, huet eng Rei Bicher an Artikele publizéiert.

Eng Emissioun aus dem Joer 2005 vum Carlo Link.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen