Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Referendum 2018?

Verfassungsreform

Zweete Referendum 2018?

Et bleift onkloer, ob Ufank 2018 den zweete Referendum fir déi geplangte Verfassungsreform ass. Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no wier dësen Zäitpunkt nach realistesch, wann de Staatsrot säin zweeten Avis spéitstens am Hierscht dëst Joer fäerdeg huet. Geschitt dat net, da géif de Referendum nach dës Legislaturperiode bal onméiglech ginn.

auto_stories

3 min

Alex Bodry

Et bleift realistesch, fir de geplangte Verfassungsreferendum Ufanks 2018 duerzeféieren, mengt den Alex Bodry. Et wier méiglech, bis dohin eng "propper Aarbecht" fir d’Reform hinzekréien. Wann een et méi no hanne géif réckelen, kéim een ze no un den Datum vun de Chamberwahlen am Oktober 2018. "Do mécht sécherlech eng CSV net mat." D'Wahle géifen och Onrou an d'Debatt ronderëm déi nei Verfassung bréngen.

Waarden op den Avis vum Staatsrot

Eng wichteg Etapp, fir datt den zweete Verfassungs-Referendum Ufank 2018 méiglech bleift, ass den zweeten Avis vum Staatsrot. Een Avis op Basis vun den Amendementer vun der Chamberkommissioun. "Wann deen net am Hierscht dëst Joer kënnt, da gëtt et bal onméiglech, deen doten Zäitplang nach anzehalen," sou den Alex Bodry.

Dem LSAP-Politiker no wier et deemno immens wichteg, datt vu Säite vum Staatsrot, den "néidegen Driff" an dëser Fro kéim. D'Zil géif en éischte Vote an der Chamber iwwer en neie Verfassungstext an dëser Legislaturperiod bleiwen.

Biergerbedeelegung beim Verfassungstext

Den 8. Juli dëst Joer wëllt d'Chamberverfassungskommissioun mat deene Leit diskutéieren, déi alles an allem 130 Virschléi zur Verfassungsreform ageschéckt hunn.

Och a Saache Biergerbedeelegung sinn Enn Juni an Ufank Juli zwee repräsentativ Diskussiouns-Panelen iwwert d’Verfassungsreform geplangt. Déi Panele realiséiert d’Uni Lëtzebuerg. Et soll erausfonnt ginn, wéi eng Punkten am Verfassungstext ëmstridde sinn, wou et een Accord gëtt, a wat fir d'Bierger wesentlech Sujete sinn.

Déi wëssenschaftlech Auswäertung vun dëse Bierger-Diskussioune soll fir de Hierscht virleien, sou datt spéitstens am Oktober Conclusioune kéinte gezu ginn, esou den Alex Bodry. Et wier allerdéngs nach net gewosst, wéi d’Bedeelegung vu de Bierger duerno viru geet. Dat misst nach diskutéiert ginn.