Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zwee-Grad-Zil kann net agehale ginn"

Klima

"Zwee-Grad-Zil kann net agehale ginn"

D'USA wäerten de Klimaschutz an Zukunft ofbremsen, mengt den Dietmar Mirkes vun "Action Solidarité Tiers Monde" (ASTM). Dowéinst missten déi aner Länner méi maache fir hir CO2-Emissiounen ze reduzéieren – och Lëtzebuerg. Den Dietmar Mirkes begréisst iwwerdeems d’Rifkin-Etude. Hie warnt awer gläichzäiteg viru soziale Gefore vun der drëtter industrieller Revolutioun.

auto_stories

3 min

Dietmar Mirkes (ASTM)

Op der Weltklimakonferenz zu Marrakesch hunn 190 Staaten doriwwer diskutéiert, wéi de Klima-Accord vu Paräis soll implementéiert ginn. D'Lëtzebuerger Klimabündnis zitt e positive Bilan vun der COP22, confirméiert den Dietmar Mirkes vun der Action Solidarité Tiers Monde. Hie vertrëtt d'Entwécklungs-ONG am Lëtzebuerger Klimabündnis.

Trotzdem warnt de Klimaexpert, datt den Engagement vu Paräis vu maximal zwee Grad Äerderwäermung net kéint erreecht ginn. Dëst wéinst den USA: Den zukünftege President Donald Trump gleeft net un de Klimawandel. Dofir missten aner Staaten d’Klimaefforte vun den USA an Zukunft opfänken an hir CO2 Emissioune méi staark reduzéieren, mengt den Dietmar Mirkes. D'USA géifen nämlech ee Fënneftel vun den aktuellem CO2-Emissiounen ausmaachen.

A klimapolitesche Froe géif et an der EU awer eng Stagnatioun ginn, bedauert den Dietmar Mirkes. Hie kritiséiert, d’EU hätt zu Marrakesch net vill geleescht. D’Haaptinitiativen am Klimaschutz géifen aktuell vun deenen ausgoen, déi net dofir verantwortlech wieren, ënnersträicht den Dietmar Mirkes. De Coordinateur vun der d'Klimaallianz bei der ASTM begréisst d’Initiativ "Climate Vulnerable Forum" an där sech zanter 2009, 43 wirtschaftlech schwaach Länner zesumme gedoen hunn. Zu Marrakesch hätten dës Länner sech engagéiert, esou séier wéi méiglech aus de fossillen Energien erauszeklammen an op eng 100 Prozent eegen Energieproduktioun aus erneierbaren Energien ëmzeklammen.

Lëtzebuerg misst méi maachen

Den Dietmar Mirkes begréisst awer och déi national Efforte fir d’Klimaschold ofzebauen. Lëtzebuerg hätt sech zum Beispill zanter 2014 engagéiert, fir bis 2020 all Joer fënnef Milliounen Euro an de "Green Climate Fund" ze contribuéieren. De Klimaexpert kritiséiert awer, bei de pro-Kapp-Emissioune léich de Grand-Duché mat 17 Tonne CO2 op de Kapp nach ëmmer wäit fir. Iwwerdeems géif d'Klimabündnis gespaant op d’Etude iwwert de Tanktourismus waarden, déi am Optrag vun der Regierung realiséiert ginn ass, seet den Dietmar Mirkes. De Wirtschaftsminister hat bei der Presentatioun vun der Rifkin-Etude gesot, datt déi bis elo geheim Etude deemnächst ëffentlech presentéiert géif ginn

Der Rifkin-Etude iwwer déi nei digital an nohalteg Ausriichtung vu Lëtzebuerg steet den Dietmar Mirkes positiv géintiwwer. Hie gëtt awer zou, uganks wier een am ONG-Milieu skeptesch gewiescht, wat de Consultatiounsprozess fir d'Etude ubelaangt. Wichteg wier et elo fir an deem geplangte Moderniséierungsprozess net déi Leit ze vergiessen, déi mat der Digitaliséierung nokommen. “Et muss een am Tempo an an der Berécksichtegung vu sozialen Aspekter nobesseren”, seet den ASTM-Mataarbechter. Soss géif ee Gefor lafen, datt sozial Aspekter ze kuerz kéimen.

Lëtzebuerg an déi indigen Vëlker

Lëtzebuerg wäert d’ILO-Konventioun 169 vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun fir d’Rechter vun indigene Vëlker ënnerschreiwen – dat huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit annoncéiert. Déi Konventioun wier dat eenzegt internationaalt Instrument dat d’Rechter vun indige Vëlker – a virun allem hir Landrechter – schütze géif, seet den Dietmar Mirkes. Wat méi Länner déi Konventioun géife ratifizéieren, wat besser. Et wier egal ob d’Signataire selwer indige Vëlker an hirem Staat hätten oder net – d’Konventioun géif duerch jiddwer Ënnerschrëft méi Gewiicht kréien.