Staatsfinanzen “Zukunftspak war indispensabel”

De Finanzminister steet weider hannert dem Spuer- a Steierpak vun der blo-rout-grénger Koalitioun. D’Ausso vum Vize-Premier a Wirtschaftsminister, de Pak wier e Fehler gewiescht, wollt de Pierre Gramegna (DP) am 100,7-Interview net weider kommentéieren. Hie géif et dem Etienne Schneider (LSAP) iwwerloossen, z’erklären, wéi déi Ausso gemengt war.

Pia Oppel

Pierre Gramegna
Pierre Gramegna

Fir de Finanzminister war de sougenannten Zukunftspak "indispensabel" fir d'Staatsfinanzen an de Grëff ze kréien. D'Spuer- a Steiermesüren, déi 2014 decidéiert goufen, sollen dem Pierre Gramegna no, wéi virgesinn integral ëmgesat ginn. De Pak wier gemaach ginn, fir iwwer dräi bis véier Joer ëmgesat ze ginn. An de Büt wier fir all Mesüre ëmzesetzen.

D'Ausso vum Vize-Premier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider, datt den Zukunftspak e Fehler war, wollt de Pierre Gramegna op eis Nofro hinn net weider kommentéieren. Hien hätt doriwwer mam Etienne Schneider geschwat, an et géif eng plausibel Erklärung ginn wéi déi Ausso ze verstoe wier, sou den DP-Finanzminister. Den Etienne Schneider selwer géif an den nächsten Deeg nach emol op d’Polemik zréck kommen.

Den Etienne Schneider hat d’lescht Woch an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort gesot, datt ee mat de ville Spuermesuren aus dem Zukunftspak jiddereen am Land perséinlech onzefridde gemaach hätt. Amplaz hätt ee just d’Steiere sollen erhéijen.

Lauschtert de Finanzminister Pierre Gramegna um Mikro vum Pia Oppel:

P. Gramegna iwwert den "Zukunftspak"

Méi zum Thema

schneider1.jpg
Aussoen zum Zukunftspak

"Den Zukunftspak war e Feeler" – dat hat de Wirtschaftsminister Étienne Schneider e Samschdeg an engem Interview am Lëtzebuerger Wort gesot. Bannent der Koalitioun gëtt dës Ausso nuancéiert.

Den OGBL-President fuerdert nom Spuer- a Steierpak vun der Regierung ee Sozialpak zugonschte vun der Mëttelschicht an de Stéit mat niddregem Akommes

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen