Radioen

On air

Notturno  |  Ish - Don't Stop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt un adequate Wunnengen"

Flüchtlingen

"Et feelt un adequate Wunnengen"

Mount fir Mount komme weider Réfugiéen, ënnert anerem aus Syrien, zu Lëtzebuerg un. Vun de ronn 3.200 Mënschen, déi zënter dem leschte Summer an de “centres de premier accueil” ënnerbruecht gi sinn, huet an Tëschenzäit bal all drëtten den Asyl-Statut unerkannt kritt. Allerdéngs géif et u permanente Wunnenge feelen, déi déi Mënschen zegutt hunn, seet den OLAI-Direkter Yves Piron.

auto_stories

5 min

Yves Piron

Bal 1.000 Réfugiéen, déi den Asyl zu Lëtzebuerg unerkannt kruten, hunn nach keng permanent Wunneng, sou den Direkter vum OLAI ((Office luxembourgeois d’accueil et d’intégration). Den Yves Piron sot dëse Mëttwoch am 100,7-Interview, et géif keng adequat Wunnenge gi fir déi Leit ze placéieren, weder um sozialen nach um private Maart.

Den Inneminister Dan Kersch an de Gemenge-Syndikat Syvicol haten un d’Gemengen appeléiert, Logementer zur Verfügung ze stellen. Dem Yves Piron no “ass elo net esou terribel vill zesumme komm”.

Provisoresch Strukture misste méi laang opbleiwen

De Moment si se a provisoresche Strukturen ënnerbruecht. Vun de 4.300 disponibele Better wieren der 3.200 besat, de Gros dovun an de “centres de premier accueil”, sou den Yves Piron. Am Prinzip sollten déi duerch Containerdierfer ersat ginn. Dat wier eréischt fréistens Enn dës Joers méiglech.

An de betraffene Gemengen feelen nach déi néideg Autorisatiounen, verschidden Awunner hu géint d’Installatioun vu Container reklaméiert. “Mir sinn amgaang ze verhandelen, datt mer déi provisoresch Strukture kënne méi laang ophalen”, sou den Direkter vum OLAI.

Personal am Laf vum Joer “ganz gutt opgestallt”

D’Personal, dat sech ëm den Encadrement vun de Flüchtlinge bekëmmert, wier zënter dem “Afflux” am August/September d’lescht Joer bal verduebelt ginn. Intern am OLAI wiere Leit agestallt ginn. Den Appel u Fräiwëlleger aus aneren Administratiounen a Ministère hätt “ganz gutt gegraff”.

D’Partner-Organisatioune Croix-Rouge, Caritas an ASTI hätten och hir Ressourcen “enorm eropgefuer”, sou den Yves Piron. D’Aschaffe bräicht seng Zäit. Den Direkter vum OLAI rechent domat, datt een am Laf vum Joer “ganz gutt opgestallt” wier fir den Accueil professionell ze sécheren.

Vandalismus géint Flüchtlingscontainer zu Wäisswampech en “Eenzelfall”

De rezente Virfall zu Wäisswampech, wou versicht ginn ass ee Container ze beschiedegen, bezeechent den Yves Piron als en “Eenzelfall”. Et hätt een eng Sécherheetsfirma beoptragt, 24 Stonnen op 24 um Site ze sinn bis d’Enquête méi Kloerheet bréngt. Den Yves Piron ënnersträicht, datt Wäisswampech sech gemellt hätt fir den Accueil vu Réfugiéen.

“Mir haten och eng ëffentlech Informatiounssëtzung an der Gemeng selwer, déi och ganz positiv war. Déi Wäisswampecher Leit ware ganz frou fir sech mam OLAI z’engagéieren”. Nach dës Woch géife véier Familljen an d’Containeren anzéien.

Dëse Mount géif een éischte Grupp vu 50 Syrer aus der Tierkei op Lëtzebuerg ageflu ginn, dat am Kader vum rezenten Accord, deen d’Europäesch Unioun mat Ankara ofgeschloss huet. Am grousse Ganze hätten dëst Joer bis elo tendenziell manner Leit de Wee hei an d’Land fonnt. Am November 2015 gouf d’Spëtzt vun 200 Arrivéeën erreecht, elo léich ee bei duerchschnëttlech 40 pro Mount, sou den Yves Piron.
 

Den Yves Piron war den Invité beim Carole Schimmer.