Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi komplex gëtt de Congé parental?

Reform Congé parental

Wéi komplex gëtt de Congé parental?

Den 1. Dezember, trëtt deen neie System fir de Congé parental a Kraaft. De System versprécht méi Flexibilitéit fir Elteren. E gëtt doduerch awer och méi komplex. Bei sëllechen Informatiounsversammlungen ass d'Familljeministesch op Froen agaangen.

auto_stories

2 min

Foto: rawpixel.com / Bigstock

Ronn 150 Leit sinn an de Kulturzentrum zu Bouneweg komm, fir der Familljeministesch Froen ze stellen. D'Corinne Cahen ass positiv iwwerrascht vun den Informatiounsversammlungen iwwer deen neie Congé parental. D'Leit géife ganz konkret Froe stellen an d'Versammlunge wiere besser besicht, wéi erwaart.

"Flexibel um Pabeier"

D'Familljeministesch geet dovun aus, datt an Zukunft méi Leit de Congé parental ufroe wäerten, wéi an der Vergaangenheet. Dat géif zousätzlech Depensë fir de Staat bedeiten. "Um Pabeier ass et méi flexibel, mee ech weess net, ob et um Terrain herno effektiv esou ass", zweiwelt eng Dame. Si hätt héieren, datt am Enseignement d'Optioun vun engem fräien Dag an der Woch net géif accordéiert ginn.

Vill Froe goufen et zu Bouneweg vu Leit, déi aktuell eng hallef Tâche hunn. "Ob dat wierklech alles sou flexibel ass, wéi si soen, dat hänkt vum Patron of", seet eng concernéiert Mamm. Méi Flexibilitéit, géif méi Komplexitéit bedeiten, kritiséiert eng aner Dame.

Weider Adaptatiounen néideg

"Et kann een ëmmer nach méi wäit goen, wann ee gesäit, datt dat de Wonsch ass", äntwert d'Familljeministech. Dee flexibele Congé parental wier d'Resultat vu Verhandlunge mat de Patronen a Gewerkschaften. "Do sinn natierlech Kompromësser dobäi."

D'Corinne Cahen geet dovun aus, datt deen neie System vum Congé parental den Elteren an och den Entreprisë méi Spillraum léisst. Si schléisst awer net aus, datt weider Adaptatiounen néideg sinn.

Ersatz-Revenu amplaz Indemnitéit

Am Congé parental kréien d’Elteren an Zukunft e sougenannten Ersatz-Revenu vu maximal 3200 Euro de Mount. Bis elo gouf et eng Indemnitéit vu ronn 1800 Euro. Mä déi war fräi vu Steieren a Soziallaaschten, deen neien Ersatz-Revenu net.

Just Elteren, déi de Mindestloun verdéngen, brauchen och an Zukunft keng Steieren a Cotisatioune während dem Congé parental ze bezuelen. Soss géife si manner Sue kréien, wéi mam ale System.

D'Eltere kënnen deen neie Congé parental ufroe bis d'Kand sechs Joer al ass. Wann d'Kand nom éischten Dezember op d'Welt kënnt an d'Demande fir de Congé parental scho gemaach ass, kënnen d'Eltere fir deen neie Regime oder deen ale Regime optéieren.