Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir Piano Nr.2 a Mi Majeur, BWV. 1053, III. Allegro - Francesco Tristano (Piano), The New Bach Players

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “D’Land vun der Flemm”

Riicht Eraus

“D’Land vun der Flemm”

Am Hierscht wëllt d’Regierung e laangfristegen Entwécklungsprogramm fir d’Kultur presentéieren. Mee d’Kulturzeen zweiwelt drun, datt dës Chance genotzt gëtt, fir eng Politik mat klore Visiounen op d’Been ze stellen.

Rick Mertens

auto_stories

3 min

Eis Invitén Nora Wagner, Josée Hansen, Franz Fayot, Jo Kox (v.l.n.r.)

De laangfristegen Entwécklungsplang wär d’”Häerzstéck” vun dem wat dës Regierung an der Kulturpolitik wéilt areechen, dat seet den LSAP-Deputéierten Franz Fayot. Zënter dem Untrëtt vun der Regierung virun zwee Joer wär awer schonn Zäit verluer gaang. De Franz Fayot fënnt et dofir “net glécklech”, datt d’Presentatioun vum Entwécklungsplang viru Kuerzem nach eng Kéier no hanne verréckelt ginn ass.

Mee och d’Aart a Weis, wei dëse Plang ausgeschafft gëtt, stéisst op Kritik. Sou fënnt d’Journalistin Josée Hansen et “schrecklech”, datt d’Regierung elo e Sondage iwwer Kultur wëllt maachen: “Um Kiosk kafen d’Leit Lëtzebuerg Privat a d’Bild-Zeitung. A wanns de frees wei eng Biller datt se wëllen, da wëllen se faarweg Blummen. E Kulturminister muss einfach wëssen, datt Kultur fräi ass, an datt een net d’Leit freet wat se wëlle gesinn.”

Eng kloer Missioun fir d’Kulturhaiser

De President vum nationale Kulturfong Focuna, Jo Kox, begréisst, datt elo e laangfristege Plang soll op d’Been gestallt ginn. Hien hofft, datt d’Aufgaben vun deenen eenzelne Kulturhaiser elo méi präzis definéiert ginn. Am Moment géifen déi verschidde Institutiounen nämlech deelweis déi selwecht Aarbecht maachen. Och d’Josée Hansen ënnersträicht: nëmme wann een d’Missioun kloer definéiert, kéint ee garantéieren, datt de Groussen Theater, de Centre national de l’audiovisuel oder de Casino och weider funktionéieren, wann déi Leit déi se opgebaut hunn an d’Pensioun ginn.

Et misst een sech awer och bewosst sinn, datt verschidde Beräicher am Moment awer och nach guer net ofgedeckt sinn. “Den Archivage ass de grousse Chantier deen nach op ass”, esou d’Josée Hansen. Dofir misst ee festleeën wei eng Haiser dofir zoustänneg sinn, Lëtzebuerger Konscht ze sammelen an opzeschaffen.

Et feelt u Begeeschterung

Déi jonk Kënschtlerin Nora Wagner erwaart sech net, datt hir Aarbechtskonditiounen sech duerch politesch Décisiounen wärten änneren: “Ech hunn do keng all ze grouss Erwaardungen, an ech waarden och elo net op d’Politik, fir datt sech eppes ännert.” Si bedauert awer, datt et hei zu Lëtzebuerg allgemeng u Begeeschterung am Ëmgang mat Konscht feelt – dat géing souwuel op Politiker zoutreffen, wéi op Leit déi an der Kultur schaffen. Et géif ee bal "d'Flemm" kréien, wann een als Jonken nom Ausland zréck op Lëtzebuerg kënnt. D’Nora Wagner erwaart sech dofir virun allem méi “Leidenschaft an Interessi”.

Och de Jo Kox hofft op e Mentalitéitswiessel: “D’Kulturacteuren, d’Artisten, d’Direkteren vun den Institutiounen musse vum Kulturministère als gläichwäertege Partner acceptéiert ginn.” Donieft wär et e positive Message, wann d’Politik méi Interessi un der Kultur giff weisen. Am Moment géifen d’Politiker an der Chamber nämlech “iwwer Saachen diskutéieren, déi se net kennen".