Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sterilisatioune ginn an d‘Luucht

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weeër aus der Wuesstemslogik

Wuesstem

Weeër aus der Wuesstemslogik

D'Regierung organiséiert dës Woch zwou Konferenzen zum Thema "Wéi ee qualitative Wuesstem fir Lëtzebuerg?". Mee mat där Approche ass et kaum méiglech aus der Fal vun engem net nohaltege Wirtschaftsmodell eraus ze kommen. Där Meenung sinn de Soziolog Harald Welzer an den Ekonomist Reinhard Loske. Déi zwee däitsch Wëssenschaftler hunn den 8. November op Invitatioun vum Mouvement écologique iwwer d'Thema diskutéiert.

auto_stories

4 min

Foto: Reinhard Loske, Blanche Weber (Mouvement Ecologique) an Harald Welzer (v.l.n.r.)

"Wachstum? Qualitatives Wachstum? 'Décroissance'?", esou war d'Podiumsdiskussioun iwwerschriwwen, bei där de Soziolog Harald Welzer an den Ekonomist Reinhard Loske op Inviatioun vum Mouvement écologique iwwert d'Fro diskutéiert gouf, wéi d'Gesellschaft vu Muer kéint ausgesinn.

Den Terme "qualitative Wuesstem" wier an de 1970er Joren opkomm – et wier ee Versuch, fir de Wuesstem no grénge Critèren ëmzedefinéieren, esou de Reinhard Loske. Den Economist a fréiere gréngen Deputéierten am däitsche Bundestag hält dee Versuch awer fir gescheitert. Schonn am 19. Joerhonnert hätt ee gesinn, datt eng méi effizient Notzung vun der Kuelekraaft net derzou gefouert hätt, datt manner Kuel verbraucht gi wier. Dës Energie fir dogéint fir vill méi Zwecker genotzt ginn. Den nächsten Hype, esou den Ekonomist, wier d'Virstellung, datt d'Digitaliséierung d'Gesellschaft vum selwen op de Wee vun der Nohaltegkeet géif brénen, "ob dat ënner 'gréngem Wuesstem' leeft oder wéi och ëmmer. D'Iddi, datt mir net iwwer Wuesstem schwätzen an esou Nohaltegkeet erreechen, dat ass onméiglech.", dat hätt d'Geschicht ee geléiert.

Op de Wuesstem fixéiert

Et géif gutt Grënn ginn, firwat d'Politik sech schwéier géif schwéier doen, d'Wuesstemslogik méi prinzipiell ze hannerfroen, huet de Reinhald Loske erkläert. De Sozialsystem, d'Staatsfinanzen, de Geldsystem an den Aarbechtsmaart géifen ee staarken Drock ausüben, fir weider ze wuessen. D'Politik wéisst zwar, datt de Wuesstem net onbedéngt géif hëllefe fir Nohaltegkeet z'erreeschen, ma well déi aner Secteuren awer esou dominant wieren, wier een immens op de Wuesstem fixéiert.

Fir de Soziolog Harald Welzer läit de Problem doranner, datt de Wuesstemsmodell an de westlechen Demokratien een Erfollegsmodell ass. D'negativ Konsequenzen a Limitte vum Wuesstem wieren haut kaum direkt ze spieren. Een anere Problem wier, datt d'Kritik um Wuesstem als Opruff zum Verzicht verstane géif ginn, amplaz ze gesinn, op wat een ënner den aktuelle Conditioune misst verzichten. Als Beispill nennt den Harald Welzer eng Stad, déi sech duerch den Individualverkéier auszeechent. Déi géif sech doduerch charakteriséieren, datt Autoe géifen do parken, ronderëm stoen oder -fueren. An dat géif och d'Landschaft beaflossen, seet den Harald Welzer.

"Da géif ech soen, datt ass Verzicht op ëffentleche Raum. Verzicht op d'Beweegungsfräiheet vun de Kanner. Verzicht op Rou, an esou weider." Doriwwer géif awer net geschwat ginn: Esou bal ee géif iwwer Verännerung diskutéieren, "straalt de Status quo esou schéi wéi soss ni", an d'Leit géife mengen, Verännerung, dat wier Verzicht.

Konkret Ziler definéieren

Trotzdem kéint d'Politik sech d'Moyene ginn, fir aus der Wuesstemslogik eraus ze kommen, ass de Reinhard Loske iwwerzeegt. Lëtzebuerg kéint zum Beispill domadder ufänken, fir Klimaschutz an Nohaltegkeet an d'Verfassung anzeschreiwen. Da misst ee sech konkret quantitativ an zäitlech Ziler setzen, besonnesch a punkto Energieverbrauch, Flächeverbrauch, Ressourceveverbrauch an CO2 Emissiounen.

Och déi ëffentlech Depense mussen dem Reinhard Loske no op de Leescht geholl ginn: Et misst ee genee kucke woufir de Staat Suen ausgëtt an ekologesch kontraproduktiv Depensen a Subventiounen zeréckschrauwen. Dernieft plädéiert den Ekonomist fir eng ökologesch Steierreform. De Finanzement vum Sozialsystem misst iwwer eng Steierreform ëmgekrempelt ginn an de Finanzsecteur méi Sue fir d'Nohaltegkeet ze mobiliséieren. An um lokale Plang misste kollaborativ an alternativ Forme fir ze wirtschaften ënnerstëtzt ginn.

Mee och da wier d'Wuesstemslogik nach net onbedéngt gebrach, esou d'Kritik vum Harald Welzer. A sengen Ae missten d'Betriber déi negativ Konsequenze vun hiren Aktivitéiten als Käschten mat aberechnen. Da missten zum Beispill do Käschte reduzéiert ginn, wou d'Mobilitéit ze grouss wier. "Wann ech den T-Shirt iwwer 8.000 Meilen an duerch de Panama Kanal transportéieren, da sinn dat Käschten, déi ee spuere kann." Et kéint dem Soziolog no vill méi interessant sinn, d'Saache méi no bäi ze produzéieren

1,1 Milliounen Awunner?

Datt Lëtzebuerg bis 2060 1,1 Milliounen Awunner soll hunn, ass dem Harald Welzer no eng Prognos, déi een net ze vill eescht dierft huelen. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch, deen am Publikum souz, huet dorobber mam Daum no uewe gewisen. Hien huet d'Debatt iwwer den 1,1 Milliounen-Awunner Staat als eng Phantomdebatt bezeechent, déi näischt géif bréngen.

De Soziolog Harald Welzer huet him doranner prinzipiell Recht ginn. Eng laangfristeg nohalteg Politik unzestriewe wier eng Saach. Mee aktuelle Prognosen zum Beispill iwwer de Bevëlkerungswuesstem ze gleewen, géif kee Sënn maachen. Géif een déi geopolitesch Entwécklungen an der Welt kucken, da wier net sécher, ob een an den nächste Joerzéngten esou eng Stabilitéit géif bäibehalen, wéi ee se sech géif wënschen. "Do sinn esou vill Saachen am Gaange sech ze veränneren. Dat wërft ganz aner Froen op, wéi déi optimistesch Perspektiv, datt mir a 35 Joer duebel esou vill Awunner hu wéi elo."

Op engem anere Punkt krut d'Regierung vun den däitschen Experte par konter keng Réckendeckung: Sech vum US-Futurolog Jeremy Rifkin beroden ze loossen, wier wéi Suen aus der Fënster ze geheien, esou den Harald Welzer. Den Jeremy Rifkin wier een Daniel Düstentrieb, deem seng Theesen iwwer d'Digitaliséierung naiv, respektiv, "komplette Quatsch" wieren.