Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Museksunterrecht zu Lëtzebuerg

Webinar

De Museksunterrecht zu Lëtzebuerg

Wéi dréit d'Musek zur Entwécklung vum Kand bäi? Wéi gëtt se am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner vun der Rentrée 2022 u soll gratis sinn?

auto_stories

4 min

Mëtt Juli d'lescht Joer huet de Regierungsrot gréng Luucht gi fir de Projet de Loi fir d'Reform vum Museksunterrecht am Gemengesecteur. D'Gesetz soll zur Rentrée 2022 gräifen an eng vun den Haaptneierunge wäert sinn, datt den Enseignement musical fir Kanner gratis gëtt. Domat gëtt d'Plaz vum Museksunterrecht am Bildungswiese gestäerkt.

Laut dem Educatiounsminister Claude Meisch soll den Museksunterrecht esouguer e Pilier vun der Educatioun ginn. D'Aarbechte lafen op Héichtouren am Educatiounsministère, wou den Enseignement musical zanter 2018 ugesidelt ass.

De Chiffere vum Educatiounsministère no si ronn 18.500 Museksschüler a ronn 800 Museksenseignantë vum Museksunterrecht betraff. Involvéiert sinn och dräi Conservatoiren, eng Dose regional Museksschoulen an 23 lokal Museksschoulen. De Public, dee vun de Reformen am Museksunterrecht betraff ass, ass grouss.

Invitéë beim Natasha Ehrmann am Studio waren:

  • D'Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der UGDA.
  • De Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical vun der Regierung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère.
  • De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire.
  • De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Department vun der Philharmonie

Donieft hu sech eng Partie Expert:innen zu Wuert gemellt.

Museksunterrecht schäerft d'Sënner

De Michael Dartsch, Professer fir Sexualpedagogik un der Hochschule für Musik Saar, huet iwwer d'Bedeitung vum Museksunterrecht geschwat a wisou et wichteg ass, datt en ausgebaut gëtt.

Sech mat Musek ze beschäftegen wier well eng denkeresch Duerchdréngung vun akustesche Strukturen, géif een d'Form vun der Musek beispillsweis betruechten, sot de Michael Dartsch. Gläichzäiteg géife beim Musizéieren nieft der Kognitioun och d'Sënner ugereegt ginn:

"Das Hören wird immer feiner, also wird sich die Sinneswahrnehmung insgesamt auch weiterentwickeln können. Man weiß, dass das Musikhören speziell auch die emotionale Entschlüsselung von Sprache befördern kann - also der emotionale Beiklang, der in einer Sprachnachricht liegt. Kinder, die sich viel mit Musik beschäftigen, können das besser als die, die das nicht tun."

E Bestanddeel vum Educatiounsministère

D'Theema Organisatioun vum Museksunterrecht war och Sujet am Panel mam Beispill, datt dësen am Fondamental am Plan d'études steet an deemno zanter der Rentrée 2019 méi mat de Museksschoulen zesumme geschafft gëtt.

Enn 2018 wier den Enseignement musical eriwwer an d'Kompetenz vum Educatiounsministère komm, sot de Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical. Mat dësem leschte Puzzelstéck an der Bildungsoffer wier alles ënner engem Haus zesummegeféiert ginn, fir sech esou beschtméiglechst ze organiséieren.

Kollaboratioune wieren en place gesat ginn an 2019 wier mam Ministère gekuckt ginn, fir mat den Direktioune vum Enseignement musical a vum Fondamental ze sondéieren, wou een den Hiewel kéint usetzen a wou de Ministère och finanziell Ënnerstëtzung kéint bidden:

"Am Schouljoer 2019/20 hu mir Pilotprojeten doraus gemaach, an do hu mir festgestallt, datt dat exzellent funktionéiert, datt dat ee win-win ass - esouwuel fir den Enseignant aus dem Fondamental mat senger Klass, wéi awer och fir den Enseignant aus der Museksschoul. Dofir hu mir no engem Joer Pilotprojet, deen op e puer Gemenge gelaf ass, wou Museksschoulen dat aktiv mat eis begleet hunn, een definitive Modell erstallt."

Éischter kleng Klassen op den F-Sektiounen am Secondaire

De Secondaire bitt eng Offer iwwer d'F-Sektiounen. D'Isabelle Hardt, Museksproff am Dikrecher Kolléisch, gesäit an hire Klassen am Schnëtt tëschent sechs an zwielef Schüler.

Fir op eng F-Sektioun ze komme missten d'Schüler well d'Konditioun erfëlle vill Musek gemaach ze hunn, sot d'Isabelle Hardt. D'Schüler géifen dës Sektioun meeschtens ganz bewosst wielen. Obwuel an der Stad d'Gréisst vun de Klasse méi grouss wier, géifen awer keng riseg Gruppen entstoen.

De Museksunterrecht an de Gemengen

Och d'Gemengen hu beim Sujet vill matzeschwätzen: Si garantéieren de Museksunterrecht bei sech, virun allem an de Museksschoulen. Do huet och esou munches geännert. Sou ass de staatleche Kofinanzement vun den Infrastrukturen den 1. Januar 2020 vu 15 op 25 Prozent an d'Luucht gesat ginn, an d'Finanzéierung vum Museksunterrecht an de Gemengen ass méi transparent ginn.

Den Emile Eicher, President vum Gemengeverbond Syvicol, dem Verband vun de Stied a Gemengen aus dem Land, huet dës Entwécklung begréisst, och wann hien nach aner Doleancen hat.

Méi Wäertschätzung vum Enseignement musical

Als Konklusioun war de Panel sech eens, datt de Niveau vum Museksunterrecht erop gaangen ass, an datt de Stellewäert vun der Musek bei deene Jonken zouhëlt.

Vill Leit wäerten sech also drop kënne freeën, datt den Enseignement musical fir Kanner ab der nächster Rentrée gratis wäert ginn.


De Webinaire "Museksunterrecht zu Lëtzebuerg" gouf organiséiert, proposéiert a moderéiert vun der Direction générale de l'Enseignement musical vum Educatiounsministère, dem SCRIPT an dem radio 100,7.