Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt et qualitative Wuesstem?

Entwécklung vu Lëtzebuerg

Gëtt et qualitative Wuesstem?

Wéi soll Lëtzebuerg sech an den nächste Joerzéngten entwéckelen? Iwwert dës Fro hu sechs Regierungsmemberen an dräi Oppositiounsvertrieder um Donneschdeg diskutéiert. Dës politesch Ronn gouf vun der Regierung organiséiert, ënnert dem Motto "Wéi e qualitative Wuesstem fir eist Land? - Landesplanung fir eng nohalteg Zukunft". Diskutéiert gouf dräi Stonne laang iwwer Theme wéi Mobilitéit, nei Betriber an iwwert d'Fro, wéi ofhängeg de Grand-Duché vun der Croissance däerf sinn.

auto_stories

3 min

Dräi Wuesstemsmodeller (Illustratioun: MDDI)

Lëtzebuerg brauch Wuesstem. Sou vill wéi méiglech dovu sollt qualitative Wuesstem sinn, esou de Claude Wiseler. Den CSV-Fraktiounschef huet awer gewarnt, datt d'Land an deene nächste Joerzéngten net dierft ofhängeg vun der Croissance ginn. Bei enger Transitioun zu qualitativem Wuesstem misst awer iwwer de mëttel- a laangfristege Fonctionnement vun de Sozialsystemer diskutéiert ginn. Dee wier nämlech op een demografesche Wuesstem gebaut, deen all Joer Surplus vu Cotisante géif erfuerderen.

Fir Fortschrëtter z'erreeche géif et eng gemeinsam Responsabilitéit vun der Majoritéit a vun der Oppositioun ginn, huet de Claude Wiseler ënnerstrach. D'Ëmsetzung vun den territoriale Pläng, déi d'Regierung virgestallt huet, géif méi wéi just eng oder zwou Legislaturperioden daueren.

Wuesstem - eng iwwerlieften Theorie?

Wéinst dem sozialen- an dem Ëmwelt-Präis, dee Wuesstem hätt, misst villes a Fro gestallt ginn, huet den Deputéierte vun Déi Lénk David Wagner gefuerdert: Tabue misste gebrach ginn. "Zanter Méint héieren ech vu qualitativem Wuesstem. An ech hunn nach ëmmer net verstanen, wat dat ass. An ech mengen, dat ass net ze verstoen, well et dat net gëtt."

Wuesstem wier eng Theorie, déi dovunner géif ausgoen, datt een ëmmer méi produzéieren a consomméiere muss. Dat wier an den 80er an 90er Joren "in" gewiescht. Zu Lëtzebuerg géif haut nach ëmmer sou Politik gemaach ginn, sou den David Wagner. "Dat sinn al Kamellen."

Sechs Regierungsmemberen an dräi Oppositiounsvertrieder hunn en Donneschdeg um Kierchbierg diskutéiert

Et wier falsch, datt et kee qualitative Wuesstem géif ginn, huet den Etienne Schneider dem lénken Deputéierte geäntwert. "Mir kënnen duerchaus Wuesstem generéieren, andeem mir méi effizient produzéieren", huet de Vize-Premier a Wirtschaftsminister explizéiert. Wuesstem géif duerch zwee Facteure generéiert ginn: Duerch méi Aarbechtsplazen oder méi Produktivitéit. Dobäi wéilt ee virun allem deen zweete Facteur erreechen. Et wéilt een den Taux vun 10.000 neien Aarbechtsplaze fir véier Prozent Wuesstem probéieren erofzedrécken.

D'Croissance soll deemno net a Fro gestallt ginn. Mee et soll alles gemaach gi fir dëse Wuesstem sou ökologesch wéi méiglech ze maachen, esou den Etienne Schneider.

"Ech hunn näischt géint Frontalieren"

De Wuesstem soll net nëmme qualitativ mee e soll och kontrolléiert sinn, verlaangt sengersäits den ADR-Deputéierte Gast Giberyen. Et misst analyséiert ginn, ob de "stramme Wuesstem dat bruecht hätt, wat ee sech erhofft hat. Et wier awer och eng Analyse néideg iwwer d'Repercussioune déi entsti wann nei Betriber sech zu Lëtzebuerg néierloossen. Betriber, déi just Frontaliere géife beschäftegen, géifen zum Beispill keng Steieren erabréngen, esou de Gast Giberyen.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet ënnerstrach, datt an deene leschten 30 Joer och verschidde Betriber vun der Regierung zeréckgewise gi wieren. Dorënner zum Beispill Disney.

Bereetschaft ze verzichten?

Et wier och néideg, iwwert eng gerecht Verdeelung vum Wuesstem ze schwätzen, sou d'Fuerderung vum Minister Dan Kersch. Et sollt doriwwer diskutéiert ginn, wat mat der Croissance geschitt, an ob méi Verzicht méiglech ass.

D'Zivilgesellschaft hätt rezent behaapt, datt d'Bereetschaft zum Verzicht an der Bevëlkerung wäit verbreet wier. "Meng Erfahrung ass déi, datt déi Bereetschaft bei deenen allermeeschte Leit hei zu Lëtzebuerg guer net do ass", sou den Dan Kersch.

Staatlech Investitiounen am Norden

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch huet ugekënnegt, datt d'Agglomeratioun Nord, déi vu Kolmer-Bierg bis Dikrech geet, vum Staat mat deene selwechte Mëttele soll entwéckelt gi wéi déi béid aner Agglomeratiounen um Kierchbierg an zu Esch-Belval.

Thematesch Workshopen zum Thema Wuesstem vum Land wëllt d'Regierung vum Februar bis Oktober d'nächst Joer organiséieren. D'Conclusiounen dovu solle fir deen neie "programme directeur" Landesplanung genotzt ginn.