Gemengefinanzen "Virun allem Gewënner, mee och Verléierer"
D’Diskussiounen iwwert d’Reform vun de Gemengefinanze ginn an eng nei Phas. Den Inneminister sot um Buergermeeschterdag zu Munneref, hie géif um Freideg nei Gespréicher mam Syvicol féieren. Virdru presentéiert den Dan Kersch dem Regierungsrot scho seng Virstellungen.
"D'Gewerbesteier gëtt net ofgeschaaft!", huet den LSAP-Minister virun enger 350 Gemengevertriederinnen a - Vertrieder betount. Den Avant-Projet gesäit vir, datt d'Recettë vun der Gewerbesteier an déi zousätzlech Quellen an een Dëppe geluecht ginn. Dat sinn 20 Prozent vun de Recetten vun der Autossteier, 18 Prozent vun de Recettë vun der Lounsteier an 10 Prozent vun de Recettë vun der TVA.
Nei gëtt par konter d’Verdeelung vum Geld aus dem Dotatiouns-Fong. Et kommen nei Kritäre bäi, déi zu engem "méi gerechte System" solle féieren. Den Inneminister huet dës Kritären opgezielt:
- D’Populatioun: dee wichtegste Kritär
- Landesplanung: d'Roll vun de CDA (Centres de developpement et d'attraction) soll unerkannt ginn
- Den Emploi: Wéi vill Salariéë sinn an der Gemeng?
- De sozio-ekonomesche Facteur: Wéi vill Leit hunn eng kleng Pei, wéi vill Leit sinn am Chômage, wat ass de Salaire médian?
Ouni eng Gemeng ze nenne sot den Dan Kersch, et géing virun allem Gewënner ginn, mee awer och Verléierer. Fir de Gemengen entgéintzekommen iwwerhëlt de Staat awer an Zukunft deen Drëttel, dee si fir Enseignanten am Primär bezuelt hunn, iwwerdeems d’Gemenge fir d’Pensioune vun de Gemengebeamte opkomme mussen. Ënnert dem Stéch kréien d’Gemengen esou 90 Milliounen Euro méi.
Déi nächst Terminer
Den Dan Kersch sot hie wéilt d’Reform vun de Gemengefinanzen, sou wéi hie se sech virstellt, dëse Freideg am Regierungsrot presentéieren. De selwechten Dag ginn och nei Diskussioune mam Gemengesyndikat Syvicol un. E Méindeg ass dann eng Reunioun mam Conseil Supérieur des Finances Communales.
Den Inneminister hofft, datt d’Reform vun de Gemengefinanze séier op den Instanzewee kënnt a gestemmt ka ginn.
Virsiicht vum Syvicol
De Syvicol geet mat der Annonce vum Inneminister virsiichteg ëm. De President vum Gemengesyndikat sot op Nofro hin, et misst een d'Kritären, sou wéi den Dan Kersch se proposéiert, genee ënnert d’Lupp huelen. Et misst ee kucken, a wéi wäit d'Verléierer verléieren.
Den Emile Eicher begréisst, datt d’Gemengen zousätzlech 90 Milliounen Euro kréien. Hie betount awer, datt de gréissten Deel dovunner scho wäert musse fir deen neie geplangte Corps Grand-ducal d’Incendie et de Secours (CGDIS) opgebraucht ginn.