Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschlësselung: Ee Grondrecht?

Dateschutz

Verschlësselung: Ee Grondrecht?

Kënne Firme vun de Sécherheetsautoritéite gezwonge ginn, verschlësselt Donnéeë vu Clienten zougänglech ze maachen? An den USA huet den FBI dës Woch eng deementspriechend Geriichtsprozedur géint den Technologiekonzern Apple fale gelooss. Zu Lëtzebuerg versicht d'Regierung via e "Staatstrojaner" de Problem vun der Verschlësselung z'ëmgoen.

Pia Oppel, md

auto_stories

7 min

© Bigstock/kentoh

Nom Attentat vu San Bernardino, bei deem am Dezember 16 Mënschen, dorënner déi zwee Täter, ëmkomm sinn, krut déi federal Police FBI den Handy vun engem vun den Attentäter net entschlësseltApple hat sech awer geweigert beim Decryptage ze hëllefen. Den FBI wollt den amerikanesche Konzern viru Geriicht zwéngen, Zougank zu deenen Donnéeën ze ginn. Bis dohin hätten d’Konzerner ëmmer kooperéiert, erkläert de Sven Clement vun der Piratepartei. Well d’Saach du viru Geriicht bruecht, also ëffentlech gemaach gouf, hätt Apple decidéiert d’Positioun vun de Grondrechter ze verdeedegen.

Wéi wäit geet esou ee Grondrecht op Verschlësselung? Dës prinzipiell Fro muss bis op Weideres net vun engem amerikanesche Geriicht gekläert ginn. Den FBI huet d'Prozedur fale gelooss nodeems de Smartphone geknackt konnt ginn. Fir de President vun der Lëtzebuerger Piratepartei kéint Apple vun engem Spezialgeriicht gezwonge gi sinn d’Daten z’entschlësselen an näischt driwwer ze soen. “Dat wier perfid, de Rechtsstat op de Kapp gedréint”. Eng aner Erklärung kéint déi sinn, datt den FBI mat Hëllef vun enger israelescher Firma d’Smartphonen decryptéiert hätt.

Ëmmer méi Geräter, déi d'Police ënnersicht, si verschlësselt

Et ass just eng Fro vun der Zäit bis en ähnlechen Fall nees viru Geriicht kënnt, well e Gerät net geknackt konnt ginn. Ëmmer méi Konzerner bidden hire Clienten ëmmer besser Verschlësselungstechniken un, déi einfach ze notzen oder “par défaut” aktivéiert sinn. Dat stellt och d'Lëtzebuerger Autoritéite virun Erausfuerderungen.

De Moment wiere knapp dräi bis fënnef Prozent vun de Geräter, déi bei Enquêtë saiséiert ginn, verschlësselt, seet den Alain Kleuls, Chef vun der Sectioun "Nei Technologië" vun der Police. “Mir gesinn, datt dat ëmmer méi heefeg gëtt. Haut kënnt Dir eng Software installéiere mat engem Rietsklick, da sinn Är Donnéeë verschlësselt”. Deemno wéi ee Crypto-Algorithmus dohannert ass, hätt d’Police keng Méiglechkeet fir dat z’entschlësselen. Et sief, et géif ee via déi zoustänneg Firma un d’Donnéeën erukommen, sou den Alain Kleuls.

Gutt fir den Dateschutz, schlecht fir d'Opklärungsaarbecht?

Wann d'Police mat hiren eegene Moyenen net weider kënnt, ka se mat der Erlaabnis vun der Justiz no anere Léisunge sichen. Zum Beispill gëtt dann op auslännesch Servicer zeréck gegraff. Informatiounen iwwer Sécherheetslacune géif een awer keng akafen, seet den Alain Kleuls. Aus Käschtegrënn. Mee och well een net wéilt u “kriminell Saachen aus dubiéiser Quell” erugoen.

D’Verbreedung vu Verschlësselungstechnolgien ass gutt wann et ëm den Dateschutz vum Eenzelne geet. Eng systematesch Verschlësselung hält d’Police aus hirer Siicht awer fir problematesch. “Well mer da vill Fäll net léise kënnen”, erkläert de Chef vun der Sectioun "Nei Technologien".

Wéi staark d'Verschlësselung de Sécherheetsautoritéiten am Wee steet, gëtt ëmmer nees diskutéiert. A Frankräich stoung viru kuerzem zur Debatt, ob Firmen iwwer Gesetz solle gezwonge ginn, eng Hannerdier zu verschlësselte Geräter vun hire Clienten opzehalen. Dat entsprécht der Positioun vum FBI an den USA.

D'Regierung wëll mat "Staatstrojaner" d'Verschlësselung ëmgoen

“Am Rechtsstat gëtt et de Prinzip, datt ech net muss hëllefe mech selwer unzekloen”, seet de Politiker Sven Clement. Verschlësselung verbidde wier dat selwecht wéi ze soen: “Du muss alles an dengem Haus propper archivéieren a versuergen, datt wann een dech verdächtegt, all d’Donnéeë propper do leien”. Dem Sven Clement no misst Police dogéint geziilt op Verdächteger schaffen, “ee Riichter iwwerzeegen, datt en dat autoriséiert. An dann déi néideg Ressourcen investéiere fir en z’iwwerwaachen.”

Et gëtt och versicht der Problematik vun der Verschlësselung ganz aus dem Wee ze goenD'Regierung wëll mat engem “Staatstrojaner” een direkten Zougrëff op d'Geräter vu Verdächtegen erméiglechen. De Moment schafft se un engem deementspriechende Gesetz. Déi national Dateschutzkommissioun an déi consultativ Mënscherechtskommissioun hunn hir kritesch Avise scho virgeluecht.