Max Planck Institut TTIP: sech net ënnert Drock setzen

Et wier eng historesch Realitéit, datt d’Zivilgesellschaft bei Handelsaccorde manner Matsproocherecht huet, esou d’Juristin Hélène Ruiz Fabri iwwert d’Verhandlungen zum transatlantesche Fräihandelsaccord TTIP. Der Direktesch vum Departement Droit international et règlement des differends beim Max Planck Institut Lëtzebuerg no, dierfen d’Verhandlungen net iwwert de Knéi gebrach ginn. 

Hélène-Ruiz-Fabri.jpg

D’Hélène Ruiz Fabri mengt, et wier eng historesch Realitéit, datt d’Zivilgesellschaft bei Handelsaccorden net bedeelegt gëtt. Och am Fall vum TTIP (hei d’Dokumenter, déi d’EU-Kommissioun verëffentlecht) wiere bis ewell virun allem d’Interesse vun de wirtschaftlechen Acteure considéréiert ginn. Et wier eng Saach vu politeschem Wëlle fir dat ze änneren, esou d’Juristin.

D’Expertin an internationalen Handelsfroe geet dovunner aus, datt dat transatlantescht Handelsofkommes TTIP net virun Enn 2016 wäert ofgeschloss sinn. Der Direktesch beim Max Planck Institut Lëtzebuerg no, wäerten d’Negociatiounen ënnert den Drock gerode vun de Presidentschaftswalen an den USA. D’Verhandlunge sollen awer net dowéinst iwwert de Knéi gebrach ginn.

Am aktuellen Debat ronderëm d’Verhandlungen iwwert de Fräihandelsaccord tëscht der EU an den USA wiere vill Leit schlecht informéiert. D’Leit géinge färten, datt d’Staaten duerch hir Engagementer gefaange wieren an dat op Käschte vun nationaler Politik a Beräicher wéi Ëmwelt, Gesondheet, Bildung, sozial Rechter an biergerleche Fräiheeten. Déi Suerge si legitim, seet d’Hélène Ruiz Fabri. Et géingen awer och Saache behaapt ginn, déi an de Beräich vum ”Phantasme” géinge gehéieren.

Héich privatiséiert international Schiidsgeriichter

De Marché vun den internationale Schiidsgeriichter ass héich privatiséiert an ënner Kontroll vu groussen Affekoten, déi Interêt hunn, datt et dee Marché gëtt. Heefeg huet een d’Impressioun, datt déi Schiidsgeriichter net déi néideg Garantie ginn, wat dozou féiert datt Staate riskéiere ganz héich Indemnitéiten un Investisseure mussen ze bezuelen.

Flüchtlingskris: d’Accorde vun Dublin sinn depasséiert

D’Accorde vun Dublin sinn nach net dout, mee Dublin wier vun de Fakten depasséiert, esou d’Hélène Ruiz Fabri. Eng Rei europäesch Staate wieren um Enn vun hire Capacitéiten ukomm. Wa weiderhin ee Flüchtling am éischten EU-Land an deem hien ukënnt seng Asyl-Demande muss stellen, da muss een deene Länner vill méi Moyenen zur Verfügung stellen oder d’Reegelen awer änneren.

Max Planck zu Lëtzebuerg

D’Direktesch beim Max Planck Institut, a fréier Direktesch vun der École de Droit vun der Sorbonne, lueft de Niveau vun der Uni Lëtzebuerg. Et wier eng dynamesch Universitéit, mat engem originelle Profil vun den Enseignanten a vun enger grousser Internationalitéit. Si selwer hält och Coursen op der Uni.

Firwat e Max Planck Institut am Droit zu Lëtzebuerg? D’Proximitéit vun den europäeschen Institutiounen, déi zentral Lag vu Lëtzebuerg an Europa, an de politesche Wëlle vun der Regierung fir eng universitär a wëssenschaftlech héichwäerteg Offer ze finanzéieren, maache Lëtzebuerg ganz interessant, esou d’Hélène Ruiz Fabri.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen