Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump oder Clinton?

Wahlen an den USA

Trump oder Clinton?

An 100 Deeg mussen d'Amerikaner en neie President wielen. No de Parteikongresser vun de Republikaner an den Demokraten annoncéiert sech een agressive Wahlkampf. D'USA riskéiere gespléckt ze ginn. Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther war bei béide Parteikongresser fir den 100,7 dobäi.

auto_stories

5 min

"Stronger Together" war de Slogan um Parteikrongress vun den Demokraten zu Philadephia

An den USA ass zënter dëm leschte Weekend de Wahlkampf fir d'Wäisst Haus richteg ënnerwee. Et kandidéieren d'Demokratin Hillary Clinton an de Republikaner Donald Trump. Béid goufen am Juli op hire Parteikongresser offiziell als Kandidate fir hir respektiv Parteie konfirméiert. D'Republikaner waren zu Cleveland, an d'Demokraten zu Philadelphia.

Déi demokratesch Presidentschaftskandidatin Hillary Clinton an hire Vizepresidentschafts-Kandidat Tim Kaine haten de Parteikongress zu Philadelphia energesch verlooss. Elo si si zesumme mat hire Partner, dorënner de fréiere President Bill Clinton, op enger Bus-Tour.

Déi féiert si duerch zwee vun deene wichtegsten, sougenannte Swing-States, Pennsylvania an Ohio. An dëse Staate kann déi ganz Presidentschaftswahl decidéiert ginn.

"Gutt géint Béis"

D'Tournée huet mam Parteikongress vun den Demokraten zu Philadelphia ugefaangen. Dëse war eng Woch nom Parteikongress vun de Republikaner zu Cleveland. Mee wat hunn déi zwee Parteikongresser bruecht? Hunn d'Demokraten Angscht virum Donald Trump?

D'Cidney Alexander, eng Supporterin vum Hillary Clinton, seet nee. D'Demokratin huet als Benevole um Parteikongress matgehollef. Si ass der Meenung, duerch den Donald Trump géingen d'Demokrate sech besser kenneléieren. "Duerch hie gesi mir eis eegen negativ Säiten. Hie fuerdert eis, eis Prejugéen ofzeleeën." Datt den Trump Presidentschaftskandidat wier, wier deemno eng gutt Saach, fënnt d'Cidney Alexander.

Den Donald Trump als Presidentschaftskandidat ass elo eng Realitéit. Wat während Méint onméiglech geschéngt huet, huet vill Demokrate waakreg gerabbelt. Während de Parteikongresser huet dat keen esou kloer ausgedréckt, wéi de Spike McGuire, ee lieweslaangen Demokrat vu Philadelphia. Hie war um Wahlmeeting vum Hillary Clinton fir si unzefeieren. “Et ass e Kampf tëscht dem gudden an dem béisen Engel. Et ass Gutt géint Béis." De Spike McGuire huet Angscht virum Donald Trump a seet, et wier liewenswichteg datt hie gestoppt géif ginn. Den Demokrat gesäit e Showdown kommen. "Mir musse fir eis alleguer matmaachen, fir eis a fir déi aner.”

Eng Fra fir d'Presidentschaft

D’Hillary Clinton ass um Kongress an d’Geschicht vun den USA agaangen. Si ass déi éischt Fra, déi vun enger vun den zwou grousse Parteien an den USA fir d'Wäisst Haus nominéiert gouf. An hirer Ried huet si d'Nominatioun "mat Bescheidenheet, mat Determinatioun, a mat endlosem Glawen un Amerika” akzeptéiert. Iwwerdeems huet d'Hillary Clinton sech géing den Donald Trump ausgeschwat: “Stellt iech vir, wann dir iech traut, stellt iech hie vir am Wäissen Haus, wann et zu enger richteger Kris kennt. E Mann deen ee mat engem Tweet ka rose maachen ass net e Mann deem mir eis Atomwaffe kennen uvertrauen.”

Den Demokrate gefält et wann d’Hillary Clinton hire Géigner esou ugräift. Dat geet aus de Sondagen ervir. Do louch d'Hillary Clinton eng Woch nom Kongress vun den Demokrate fir. Et kann een dovun ausgoen, datt et eng knapps an aggressiv Wahl gëtt, an där d’USA an zwee gedeelt ginn.

D'Stëmm vun Amerika

Doru wier dem Donald Trump säin Toun Schold, soen d'Demokraten. Senge Supporteren huet dësen Toun um Kongress vun de Republikaner zu Cleveland awer gefall. D'Hillary Clinton hätt hire Supportere versprach, si wär op hirer Säit, esou den Donald Trump zu Cleveland. "Ech hunn en anert Verspriechen. Mäint ass dëst: Ech sinn op ärer Säit, op der Säit vum amerikanescher Vollek.” Hie wier d'Stëmm vum ganze Vollek, huet den Donald Trump behapt. "Fir all Elteren déi Dreem hu fir hir Kanner, a fir all Kanner déi Dreem hu fir hier Zukunft, hunn ech des Wierder: Ech sinn op ärer Säit". Fir si géing hie kämpfen a gewannen.

Supporter vum Donald Trump um Parteikongress vun de Republikaner zu Cleveland. Foto: picture alliance

Vill vun den Delegéierten, déi virdrun näischt vum Trump wollte wësse, waren nom Kongress vun de Republikaner op senger Säit.

Zum Schluss vu béide Parteikongresser gouf et einfach Conclusiounen. D'Show vun den Demokrate war impressionnant. Et gouf gewisen, datt déi ganz Partei prett ass fir sech fir d'Hillary Clinton anzesetzen. Op der Bühn zu Philadelphia hunn de Barack Obama, d'Michelle Obama, de Bill Clinton, an dem Hillary Clinton säi fréiere Géigner Bernie Sanders Riede gehalen. Si hunn dozou opgeruff déi demokratesch Kandidatin ze wielen.

Zu Cleveland bei de Republikaner huet dëse Support gefeelt: de sougenannten Establishment vun der Partei ass doheem bliwwen. Zwee Ex-Presidenten an zwee fréier Presidentschaftskandidate wollten näischt mam Donald Trump ze doen hunn.

Aner berühmt Republikaner waren awer dobäi. Zum Beispill de fréiere Buergermeeschter vun New York, de Rudy Giuliani. Hie fënnt, d'Demokrate géingen an enger Fantasie liewen. Dat wier de Grond firwat de Kongress vun den Demokrate méi positiv war wéi dee vun de Republikaner.

"Bei eisem Parteikongress huet keen de Sall verlooss. Ech hunn déi vill Bernie Sanders-Supporter gesinn, wéi si de Sall verlooss hunn. Si hunn esouguer eise fréiere Minister vun der Defense ausgebuht."

Eenheet ass wichteg

Effektiv sinn d’Supporter vum um Hillary Clinton hirem Géigner an de Virwahlen, dem Bernie Sanders nach net prett fir d’Hillary Clinton zu 100 Prozent z’ënnerstëtzen. Um Parteikongress vun den Demokraten zu Philadelphia gouf et méi Unitéit wéi bei de Republikaner. Obwuel d'Supporter vum Bernie Sanders probéiert hunn de Kongress an d’Ried vum der demokratescher Kandidatin z’ënnerbriechen.

Elo misst Unitéit geschaf ginn. Datt erkläert deen neie Slogan, dee grouss um Bus vum Hillary Clinton an Tim Kaine steet: "Stronger together". De Slogan bezitt sech awer och op den Donald Trump. D'Demokrate gesinn hien als e Kandidat, dee wëll Divisiounen tëscht Amerikaner schafen.

Béid Kandidaten Hillary Clinton an Donald Trump hunn elo nach 100 Deeg fir Wieler op hier Säit ze kréien. Déi aggressiv Campagne, déi Amerika riskéiert an zwee ze splécken, wäert eréischt am November op en Enn goen.