Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump géint Clinton zu Aliquippa

Wahlkampf USA

Trump géint Clinton zu Aliquippa

Aliquippa a Pennsilvania ass eng fréier Héichbuerg vun der Stolindustrie, ma elo ass d'Stad am Zerfall. De Bill Clinton war viru kuerzem do, fir Wahlkampf fir d'Hillary Clinton ze maachen. Vill Leit erhoffen sech awer mam Donald Trump als President en Opschwong vun der Wirtschaft.

auto_stories

4 min

Aliquippa war fréier eng Héichbuerg vun der Stolindustrie

Néng Auer Mueres zu Aliquippa, am Weste vum US-Staat Pennsylvania. An dëser Haaptstrooss ass seelen esou vill lass. D'Leit sti Schlaang virun engem Festsall, an deen der nëmme ronn Honnert erapassen. Bal de ganze Rescht vun de Fassaden a Geschäfter an dëser Stad si baufälleg. Gras an Onkraut wiisst do, wou fréier Kinoen, Caféen, a Restaurante stoungen. Vill vun de verloosse Gebaier goufen ofgerappt. Et ass eng vun de méi depriméierte Stied an den USA.

Mee haut ass eppes lass. E fréiere President vun den USA gëtt erwaart, e Mann deen de wirtschaftlechen Opschwong symboliséiert: De Bill Clinton. Esou eppes brauch des Stad vun ongeféier 9000 Awunner, dat ass en Drëttel vun der Bevëlkerung vu virun 30 Joer. De Bill Clinton ass fir e gudde Grond hei, hie mécht Wahlkampf fir seng Fra, d'Presidentschaftskandidatin Hillary Clinton. Hie versicht d'Leit zu Aliquippa ze mobiliséieren, fir wielen ze goen. De fréiere President betount a senger Ried, am Staat Pennsylvania kéint ee just den Dag selwer wielen. "Dir musst jiddereen an de Wahlbureau kréie fir ze wielen. D'Hillary Clinton wäert eis nächst Presidentin ginn, wa mir genee esou vill Leit oder méi Léit wei si [d'Supporter vum Trump] an de Wahlbureau kréien."

De Bill Clinton zu Aliquippa

Eng Stad am Zerfall

De Bill Clinton huet nach ëmmer vill Fans am ganze Land. Seng Zäit am Wäissen Haus gëtt gläichgestallt mat der leschter Kéier, datt et der amerikanescher Mëttelschicht an all de Geschäftsleit gutt gaangen ass. An der fréierer Héichbuerg vun der Stolindustrie si vill fréier Aarbechter aus "der gudder aler Zäit" am Sall. Ënnert hinnen ass d'Noel Wilson. Si huet am Joer 1984 hir Arabescht verluer. "Mir mussen d"Hillary an d'Wäisst Haus kréien. Mir musse wielen, d'Leit mussen hei wielen", esou déi fréier Stolaarbechterin. Jiddereen hätt de Bill Clinton gär. Et wier dacks esou, datt deejéinege gewielt géif ginn, deen och an d'Stad komm wier. Esou wier et an hirer Kandheet och mam John F. Kennedy gewiescht.

Zënter deem huet d'Stad sech verännert. D'Noel Wilson hëlt eis mat op en Tour, ugefaange mat der Haaptstrooss. "Mir hate Geschäfter op béide Säite vun der Strooss. D'Leit si vu Wäitem komm fir hei anzekafen." D'Noel Wilson erzielt, fréier wier Aliquippa eng respektabel Stad gewiescht. Elo géif dogéint d'Kriminalitéit Iwwerhand huelen.

Mir gi laanscht de fréiere Kino, de Park, an deem fréier e Geschäft stoung dat berühmt war fir seng Chrëschtdags-Dekoratiounen. A laanscht de Café an deem d'Noel emol geschafft huet. Och deen ass scho Jore laang zou. Da komme mir bei d'Schmelz, wou soss d'Stolaarbechter geschafft hunn - och d'Noel Wilson.

Republikaner am Opschwong

Déi Aarbechtsplaze si verschwonnen. D'Noel seet datt China Schold drun ass. An esou komme mir zum Thema Donald Trump. Hie versprécht d'Aarbechtsplazen zeréck ze bréngen, aus China zeréck an d'USA. Hie seet, datt ënnert him als President den Handel mat anere Länner eng vun de grousse Prioritéite wier. Dat ass ee Grond firwat de Milliardär vun New York an dëser Géigend vu Pennsylvania besonnesch beléift ass. D'Noel ass Demokratin a bleift et och fir dës Wahlen.

Mee Republikaner sinn am Opschwong. Dat erkläert d'Visite vum Bill Clinton an enger Stad déi net nëmme wirtschaftlech um Enn ass, mee dëser Deeg och mat enger Heroin-Epidemie konfrontéiert ass. De Polizist vun Aliquippa gleeft drun, dat alles besser gëtt. Mee hie seet, et wier onvirstellbar, wéi vill Heroin si 2016 vun de Stroosse geholl hätten. D'Droge géifen awer ëmmer zeréck kommen.

D'Carla Yacoviello verkeeft Trump-Schëlter

Eng héich Kriminalitéit an eng Kris an der Stolindustrie, dat sinn e puer vun de Grënn fir den Trump-Phenomen. D'Cheffin vun der Republikanescher Partei zu Beaver County, Carla Yacoviello betount, et wieren net nëmme Republikaner gewiescht, déi dem Trump gehollef hätte fir Presidentschaftskandidat ze ginn. Leit vu béide Parteie géifen Trump-Schëlter kafen. Et wieren och Leit derbäi, déi géifen den Donald Trump wielen, mee et net soen. "Et kommen och Demokrate laanscht, déi fir den Trump wiele mee et léiwer geheim halen. Dat ass zimlech cool.

Den Enthusiasmus ass do fir den Donald Trump mee trotzdem ass d'Hillary Clinton weider fir an de Sondagen, och am Staat Pennsylvania. D'Angscht vun Demokraten ass, datt vill Leit an de Sondagen net zouginn, datt si wäerte fir den Donald Trump wielen. D'Course fir d'Wäisst Haus wäert deemno spannend ginn.