Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Tierkei ass een Alliéierten

Flüchtlingskris

D'Tierkei ass een Alliéierten

D'Tierkei huet zoufällegerweis déi selwecht Interessie wéi Mënscherechtsorganisatiounen, seet de Gerald Knaus, Direkter vun der "Europäescher Stabilitéis-Inititiativ". Wann d'Zuel vu Leit, déi irregulär an Europa areese nämlech zeréckgeet, misst d'EU Flüchtlingen aus der Tierkei ophuelen an deemno d'Land entlaaschten. D'ESI huet dës Grondiddi entworf, op där den EU-Tierkei Accord baséiert.

auto_stories

5 min

Gerald Knaus ©Daniel Schneider

An der Flüchtlingskris ass d'Tierkei en "Alliéierten" vun de Mënscherechtsorganisatiounen, seet de Gerald Knaus, Direkter vun der Denkfabrik "European Stability Initiative" (ESI). Ankara géing nämlech Drock op d'EU maachen, fir Flüchtlingen op legalem Wee opzehuelen an op déi eenzel Memberstaten ze verdeelen.

Mënscherechtsorganisatioune sollen Accord liesen

Amnesty International beschreift den Accord als "peinlech", well en zu Mënschenhandel féiert. Dat well d'EU sech bereet erkläert huet Syrer mat engem Usproch op Asyl aus der Tierkei opzehuelen, wann d'Tierkei als Géigeleeschtung Migranten zréckhëlt, déi op de griicheschen Inselen ukommen. "Das zeigt, dass Amnesty wie andere Menschrechtsorganisationen dieses Abkommen einfach nicht gelesen haben!", esou de Gerald Knaus.

Hie verweist op den Artikel Véier vum Accord: An deem steet, datt wann d'Zuel vu Leit, déi op irregulär Aart a Weis iwwert d'Mëttelmier fueren zeréckgeet, d'EU-Memberstaten op fräiwëlleger Basis Leit sollen ophuelen. "Das hat nichts mit Mënschenhandel zu tun!", betount de Gerald Knaus. De fräiwëllege Relokaliséierungs-Mechanismus - wann en da bis aktivéiert wier - géing méi Relokaliséierunge virgesinn, wéi der an de leschten dräi Joerzéngte weltwäit pro Joer organiséiert goufen. Dat ass dem ESI-Direkter no en Duerchbroch.

De Gerald Knaus rekommandéiert de Mënscherechtsorganisatiounen den Artikel 4 ze liesen, ze verdeedegen a sech dofir anzesetzen, datt en ëmgesat gëtt.

Juncker soll Ëmsetzung garantéieren

De Politikberoder ënnersträicht, datt zanter den EU-Tierkei-Deal iwwert d'Flüchtlingen den 20. Mäerz a Kraaft getrueden ass, nach keen Asyldemandeur vu Griicheland zeréck an d'Tierkei geschéckt gi wier. Dat géing virun allem dorunner leien, datt et un Asyl-Beamten op de griicheschen Insele géing feelen.

De Gerald Knaus huet dowéinst en Appel un de President vun der EU-Kommissioun Jean-Claude Juncker geriicht: "Wenn wir heute 300 Asyl-Mitarbeiter auf den griechischen Inseln hätten und jeder würde jeden Tag ein Interview machen, dann könnte man 6.000 Asylanträge in einem Monat bearbeiten." Et géing iwwerhaapt kee Grond ginn, fir datt all déi Mënschen Méinte laang a Griicheland fest stiechen. Europa misst sech besser organiséieren.

Alternativ Routen?

Datt d'Migranten an d'Flüchtlingen wéinst dem EU-Tierkei-Deal aner Routë géinge benotze fir an Europa ze kommen, ass dem Gerald Knaus no onwahrscheinlech. D'Migratiouns-Route iwwert d'Ägäis wier nach ëmmer déi Sécherst. Den Direkter vun der ESI ënnersträicht, datt och wann honnert Mënschen all Mount am Mëttelmier géingen erdrénken, 99 Prozent vun de Leit et géinge packen an Europa ze kommen. Déi meescht zitéiert Alternativ-Route iwwert Libye wier keng reell Optioun: Déi fréier Diktatur wier zanter dem Fall vum Muammar Gaddafi ee "gescheiterte Staat".

Berechtegt wier d'Kritik vun de Mënscherechtsorganisatiounen, datt Europa net einfach dierf eng Festung ginn. "Das wird uns ohnehin nicht gelingen. Aber das ist ja auch nicht das Ziel." Dat decisiivt um Accord mat der Tierkei wier d'Zil, fir vun enger onuerdentlecher Migratioun iwwert d'Ägäis zu enger geregelter Prozedur ze kommen.