arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léierschwieregkeeten: Keen eleng loossen

Riicht Eraus

|
reading time

4 min

Léierschwieregkeeten: Keen eleng loossen

Déi international Konferenz um Kierchbierg iwwer Léierschwieregkeeten huet gehollef, datt elo méi iwwer d'Thema geschwat gëtt. Doriwwer si sech d’Spezialisten an déi betraffen Elteren a Kanner eens. Zu Lëtzebuerg feelen awer nach Ressourcë fir de Kanner mat enger Dys an och hiren Elteren ze hëllefen, huet et an der Emissioun Riicht Eraus geheescht.

Christian Welter

reading time

4 min

Tëscht fënnef an zéng Prozent vun de Kanner a Jonken zu Lëtzebuerg hunn eng Dys. Am heefegsten ass eng Dyslexie. Dat si Stéierunge beim Liesen a bei der Rechtschreiwung. Kanner mat enger Dysphasie hu Problemer mat der Sproochentwécklung, an déi wou eng Dyscalculie hunn, hu Schwieregkeete beim Rechnen. "Bei eis kommen Elteren déi schonn op villen anere Platze waren , mee keng kloer Äntwert kruten”, seet d’Eva Bodenröder vum Scap. Datt ass e Service dee sech ëm Kanner a Jonker këmmert, déi Schwieregkeeten hunn sech ze konzentréieren an och eng Dys hunn. Si bedauert, datt zu Lëtzebuerg de Leidenswee nach dacks laang ass bis d’Elteren an hiert Kand eng Diagnose kréien. Dat dierft net esou sinn.

"Gesot kritt, ech misst méi léieren"

De Patrick Bousch seet, datt et wichteg ass, datt déi international Konferenz um Kierchbierg de betraffenen Elteren elo hëlleft hier Suerge matzedeelen an datt Solutioune fir hier Kanner fonnt ginn. “Si hu keng Zäit ze waarden, datt d’Joere verginn. Dat ass ganz wichteg fir eis”. Seng Duechter Julie huet 22 Joer. Si schafft haut an enger Maison relais. Mat sechs Joer krut d’Julie gesot datt si eng Dysphasie hätt. “Ech hunn dacks an der Schoul ze héiere krut, datt ech méi misst léieren. Ech krut zwar ni gesot datt ech liddereg wier, mee ech hunn dat awer esou interpretéiert”. Si bedauert, datt a kenger Schoul, wou si war, genuch iwwert d’Léierschwieregkeete geschwat gi wier, weder zu Lëtzebuerg nach an der Belsch.

Iwwer dee Sujet schwätzen heescht och géint Viruerteeler kämpfen. Och haut ginn et nämlech nach Leit déi en Zesummenhang gesinn tëscht enger Dys an dem Intelligenzquotient vun engem Kand, seet d’Schoulinspektesch Diane Dhur: "Dat ass eng Saach wou déi Kanner drënner leiden, datt gemengt gëtt si wiere net esou fläisseg oder manner intelligent wéi aner Kanner. Besonnesch bei der Discalculie wou gemengt gëtt, datt d’Kand net esou séier versteet oder d’Zuelen verwiesselt”. Zum Gléck wéisst een haut awer, datt et net just eng Intelligenz gëtt, mee der siwen, aacht oder nach méi.

Hobbyen grad sou wichteg wéi Schoul

Fir de Mario Huberty ass et wichteg, datt d’Eltere fir t’éischt emol berouegt gi wann se bei dysphasie.lu kommen. Seng asbl hëlleft den Elteren andeem se hinne seet, u wien si sech kënnen adresséieren. Ee Problem zu Lëtzebuerg wier deen datt d’Leit vill Zäit verléiere well se net wësse wéi eng Ulafstell déi richteg ass.”Mir soen den Elteren awer och, datt hiert Kand net just eng Dys huet, mee datt et hannendru och e Familljeliewe gëtt. Wann se sech nëmmen op d’Problematik vum Kand bekëmmeren, gëtt et ëmmer méi schlëmm”. D’Eltere misste berücksichtegen datt hiert Kand och e Privatliewen huet. Dat wier grad esou wichteg wéi d’Schoul, seet de Mario Huberty, de President vun dyspahsie.lu.

D’Intervenanten an der Emissioun Riicht Eraus si sech eens, datt um Terrain Leit feelen. D’Schoul géif eng wichteg Roll spillen, mee d’Enseignantë kéinten och net alles maachen, esou ee vun de Messagen op der Table ronde iwwer Léierschwieregkeete bei Kanner a Jonken. Si erwaarden sech, datt elo och eppes op politeschem Plang gemaach gëtt, fir datt d’Kanner mat enger Dys manner Problemer op hirem Schoulparcours hunn an och dono an der Aarbechtswelt.