Den Atelier thérapeutique “Stëmm Caddy” kritt een zweete Killcamion a baut säin Zerwiss aus. Zanter Februar 2014 gëtt et den Atelier thérapeutique Caddy vun der "Stëmm vun der Strooss".
An Zesummenaarbecht mat engem grousse Supermarché goufen zanter zwee Joer all Woch 300 Liewensmëttel-Päck gratis u sozial Restauranten zu Hollerech an Esch geliwwert ginn. An un aner Associatiounen ewéi "Jugend an Drogenhëllef", "Fraen an Nout" oder "Abrigado". 2014 konnten 109 Tonne Liewensmëttel an deem Atelier verschafft ginn. D’läscht Joer waren et 148 Tonnen.
Elo gëtt deen Zerwiss nach ausgebaut, mat der Acquisitioun vun engem zweete Killcamion. Doduerch kann och elo Fleesch verschafft ginn. Am Atelier thérapeutique "Stëmm Caddy" ginn 22 Persoune beschäftegt, esou d’Alexandra Oxaceley vun der "Stëmm vun der Strooss". Et si virun allem Persounen, déi den RMG kréien, oder déi vum SCAS geschéckt ginn. Dat ass de "Service central d’assistance sociale" vum Parquet, deen iwwert dee Wee eng Resozialiséierung vun Detenuë fërdert.