Steierreform Iwwerleeunge fir Steierkredit ze verduebelen

Méi Kafkraaft fir Stéit, déi keng Steiere bezuelen ? D'Regierung diskutéiert 100,7-Informatiounen no iwwer eng Verdueblung vum Steierkredit fir Salariéë, Pensionnairen an Indépendanten.

Exklusiv Euro money and calculator on money background
©Adam88x / Bigstock

D'Regierung denkt driwwer no, fir am Kader vun der Steierreform, de Steierkredit fir Salariéën, Independanten a Leit an der Pensioun ze verduebelen. Vum nächste Joer u kréichen déi concernéiert Leit da 50 Euro amplaz vun den aktuelle 25 Euro de Mount. De Käschtepunkt fir de Staat géif bei iwwer 100 Milliounen Euro d'Joer leien.

Als Virdeel gëtt an der blo-rout-grénger Koalitioun ugefouert, datt vun där Mesure och déi 40 Prozent vun de Stéit profitéieren, déi guer keng Steiere bezuelen. Skeptesch Stëmme fäerten, datt déi Mesure net cibléiert genuch ass. Och géife Leit mat méi héije Revenuen dovu profitéieren, obwuel déi net drop ugewise wieren.

Viru siwe Joer huet d'Regierung Juncker-Asselborn e Crédit d'Impôt vu 25 Euro de Mount, also 300 Euro d'Joer agefouert.

D’Steierreform soll Enn Abrëll virgestallt ginn an 2017 a Kraaft trieden. Fir den Ament gëtt nach intensiv verhandelt, besonnesch tëscht DP an LSAP.

Méi zum Thema

steieren suen.jpg Exklusiv
Steierrefom

Nom Referendum vum 7. Juni an de schlechte Sondagë ass quasi just nach iwwer Steiererliichterungen diskutéiert ginn, soe gutt informéiert Sourcen. D'Steierreform gëtt also vun der Regierung als Moyen gesinn, fir sech bei der Wielerschaft nees méi beléift ze maachen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen