Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Cards On The Table

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierreduktiounen op villen Niveauen

Regierung

Steierreduktiounen op villen Niveauen

Wahrscheinlech de Méindeg wëll d'Regierung un d'Ëffentlechkeet triede fir hiren Accord iwwer Steierreduktiounen ze presentéieren. Bis dohi ginn d'Gewerkschaften an d'Patronatsvertrieder informéiert. D'Mesuren, déi dëse Freideg de Moie vu Ministeren, Fraktiouns- a Parteispëtzten ugeholl goufen an déi de radio 100,7 a Koalitiounskreesser confirméiert krut, veränneren d'Struktur vun der Steierlandschaft kaum. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet um 12 Auer op Twitter confirméiert, datt et "e politeschen Accord gëtt".

Jean-Claude Franck

auto_stories

4 min

© bigstock.com

Déi eenzeg strukturell Mesure ass eng optional individuell Besteierung fir Koppelen. Nodeems d'Experten am Finanzministère am Hierscht 2015 gemengt hunn, eng Individualiséierung wier technesch schwiereg, huet d'DP d'individuell Besteierung an de leschte Wochen an de koalitiounsinterne Verhandlungen als Optioun duerchgesat. Eng obligatoresch Léisung ass net zréckbehal gi, well vill Stéit bei enger individueller Besteierung schlecht ewech kommen.

De Rescht vun de Steierännerungen sinn Upassungen am aktuelle System. De Steierkredit vu 25 Euro de Mount, deen zënter 2009 existéiert, gëtt verduebelt, sou wéi de radio 100,7 dat Enn Januar gemellt huet. Nei ass, datt eng Selektivitéit virgesinn ass: héich Revenue kréien also net de volle Montant. Des Mesure ass vun der LSAP abruecht ginn a stäerkt virun allem déi schwaach Revenuen: fir déi iwwer 30 Prozent vun de Privatpersounen, déi keng Steiere bezuele, gëtt de Steierkredit an eng Negativsteier ëmgewandelt. Déi Leit kréien déi Suen also netto ausbezuelt.

Konform zum Koalitiounsaccord gëtt d'Mëttelschicht entlaascht andeems d'Barèmen an de Steierklassen 1, 1a, an 2 gestreckt ginn. Den Taux vun 39 %, deen den Ament fir eng Privatpersoun vun engem Joresrevenu vu ronn 42000 Euro u gëllt, wäert an Zukunft also réischt vun engem méi héijen Akommes un applizéiert ginn. Déi Streckung vun de Barèmen huet an der Klass 1a als Konsequenz, datt d'Leit vun iwwer 64 Joer, d'Wittleit an allengerzéiend Elteren entlaascht ginn. Domatt, esou hofft d'Regierungskoalitioun, soll virun allem den Aarmutsrisiko bei den allengerzéienden Eltere reduzéiert ginn.

Eng Hausse vum Spëtzesteiersaz, déi keng Hausse ass?

De Steiersaz vu 40 % fir Revenuë vun iwwer 100.000 Euro soll gutt informéierte Sourcen no gehéicht ginn. Well de Barème op dem Deel vun ënnert 100.000 Euro awer gestreckt gëtt, bleift ofzewaarden, ob d'Hausse vum Taux vu 40 % wierklech zu méi Recettë féiert.

Fir Leit beim Kaf vum Eegenheem z'ënnerstëtzen, huet d'DP duerchgesat, datt méi Scholdzënse vu Bankekreditter a Bauspar-Verträg kënne vun de Steieren ofgesat gi wéi bis elo.

Déi Gréng hu gutt informéierte Sourcen no mat enger méi héijer Besteierung vun den Déngschtautoe just eng eege konkret Iddi op de Verhandlungsdësch bruecht. D'Léisung, déi de Finanzminister Pierre Gramegna an den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch mam concernéierte Secteur ausgehandelt hunn, geet allerdéngs an déi ëmgedréite Richtung: Amplaz Déngschtween mat héijem CO2-Ausstouss méi staark ze besteiere, sollen ëmwëltfrendlech Autoen an Zukunft manner staark besteiert ginn. Eng finanziell Incitatioun amplaz vun enger Sanktioun also.

Wéi schonn annoncéiert, gëtt och d'Steier vun 0,5 % ("Impôt d'équilibrage budgétaire temporaire") Enn 2016 nees ofgeschaaft. Alleng doduerch muss de Staat d'nächst Joer op iwwer 100 Milliounen Euro verzichten.

Mä och d'Betriber kënne sech op steierlech Entlaaschtunge freeën. D'Kollektivitéitssteier ("IRC"), déi zënter 2009 bei 21 % läit, soll an zwou Etappen op 18 % reduzéiert gi, sou wéi RTL dat gemellt huet. Gutt informéiert Sourcë soten dem radio 100,7, dee konsensfäege Virschlag wier vum Finanzminister gemaach ginn. Mat der Gewerbesteier an der Solidaritéitssteier dobäi, fält den nominale Steiertaux z.B. an der Stad Lëtzebuerg domat vun 29,22 % op ongeféier 26 Prozent. Ëmmer nach däitlech méi wéi vum  Patronatsdaachverband gewënscht. D'UEL huet sech fir en nominalen Taux vu manner wéi 20 Prozent agesat. A wéi engem Mooss d'Basis erweidert gëtt, op där d'Betriber besteiert ginn, ass nach net gewosst. D'Regierung huet sech net festgeluecht a wëll d'Entwécklungen an der EU an op OECD-Niveau ofwaarden.

Wat all déi Steierreduktiounen de Staat kaschten, schielt sech wéi et schéngt réischt an dësen Deeg am Detail eraus. Kloer ass, datt de Staat wéinst de Pläng vun der Koalitioun op e puer Honnert Milliounen Euro u Steierrecette verzichte muss.

An der Diskussioun sinn dofir och nach Mesurë fir d'Steierreduktioune géigen ze finanzéieren : eng Hausse vun der SOPARFI-Steier (Minimalsteier fir Finanz-Participatiounsgesellschaften) vun 3000 Euro op 4500 Euro, an eng Hausse vun der Quellesteier op Zënserträg, vun aktuell 10 % op 20 %.