An der Suite vun de Revelatiounen ëm déi sougenannt "Panama Papers", hunn d'Justizautoritéiten an enger Rei Länner Enquêtë wéinst Geldwäsch a Steierflucht lancéiert. Dat ënnert anerem fir ze préiwen, ob Steieren iwwer de Wee vu Bréifboîtëfirme virun der Steieradministratioun verstoppt goufen. Och déi Dausenden Intermediairen zu Lëtzebuerg, déi der Press no beim Schafe vu Bréifkëschtefirme gehollef hunn, kéinten dobäi an de Fokus geroden.
Upassung un international Recommandatiounen
Datt d'Justiz am Grand-Duché an esou Fäll kooperéiert, ass awer net garantéiert. Dat och, well d'Gesetzgebung iwwer d'Geldwäsch nach net un d'Recommandatioune vum GAFI (Groupe d’Action financière, een internationalen Aarbechtsgrupp fir Mesurë géint Geldwäsch) adaptéiert ass. Mee dat soll sech elo änneren.
Am Kader vun der Steierreform soll mat der "fraude fiscale aggravée" eng nei Infraktioun am Lëtzebuerger Steier-Strofrecht geschaf ginn, mat där ee sech och wéinst Geldwäsch ka strofbar maachen. Déi Informatioun krute mir op Nofro hinn am Finanzministère confirméiert. Weider Detailer doriwwer, wat als aggravéiert Steierfraude considéréiert soll ginn, nennt de Ministère nach net.
Bis ewell gëllt d'Steierfraude zu Lëtzebuerg net als eng Infraktioun, wéinst där ee sech och kéint fir Geldwäsch strofbar maachen. Just wann ee méi dacks, respektiv héich Montanten u Steieren hannerzitt, een also am Fall vun enger Escroquerie ass, kann dat och als eng sougenannt primär Infraktioun fir de Blanchiment gëllen.
An och just da gëtt mat der Justiz am Ausland kooperéiert, erkläert d'Catherine Bourin vun der Bankenassociatioun ABBL: "D'Commission rogatoiren, déi am Kader vun der internationaler Justizzesummenaarbecht lancéiert ginn, këmmere sech just ëm Strofrecht. Dozou gehéiert d'Escroquerie, mee net d'Steier-Fraude."
Doduerch datt d'Regierung mat der aggravéierter Steierfraude eng nei Infraktioun an den "droit pénal fiscal" aschreift, ass dervun auszegoen, datt méi Demanden aus dem Ausland fir eng Entraide judiciaire accordéiert ginn.
Scho virun "Panama Papers" een Thema
Déi prinzipiell Decisioun gouf scho während den Diskussiounen iwwer d'Steierreform geholl an net eréischt wéinst den neie Revelatiounen. An dat begréisst déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter. De Finanz- an de Justizministère wieren hei aktiv ginn. Déi Gréng géifen déi Demarche ënnerstëtzen.
D'Aféiere vun der neier Infraktioun soll anescht wéi erwaart net am Kader vun der Ëmsetzung vun der neier europäescher Anti-Blanchiment-Direktiv gereegelt ginn, mee iwwer een anere Gesetzprojet, deen elo nach ausgeschafft gëtt, heescht et am Finanzministère. Ugangs 2017 soll dat Ganzt a Kraaft trieden.