Radioen

On air

Notturno  |  Brennan Wedl - Fake Cowboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u geplangte Reforme vun der Force Publique

Arméi a Police

Kritik u geplangte Reforme vun der Force Publique

Vill Kritik un de geplangte Reforme gouf et en Dënschdeg um Conseil des Délégués vun der Gewerkschaft vun der Force Publique. D'Arméigewerkschaft huet virun allem de Manktem u Personal a Material ugeprangert. D'Policegewerkschaft op hirer Säit veruerteelt een ze groussen Afloss vun der Justiz bei der Reform.

auto_stories

3 min

D'Stëmmung am hallef gefëllte Sall war liicht ugespaant. Eng 60 vun den 3000 Memberen vum SPFP an eng Rei Politiker aus der zoustänneger Chamberkommissioun ware beim Conseil des Délégués vun der Force Publique dobäi. De Comité Central SPFP regroupéiert d'Arméisgewerkschafft SPAL an d'Policegewerkschaft SNPGL.

Datt d'Reunioun dëst Joer méi spéit gemaach gouf wéi soss, hätt mat där héijer Auslaaschtung vum Comité Central ze doen, sou de Generalsekretär vum SPFP Lex Heles. Déi zwee décksten Dossiere wieren d'Reformen a Restrukturatioune bei der Arméi a bei der Police.

D'Roll vun der Justiz beim Gesetzprojet

Bei der Policegewerkschaft stoung d'Roll vun der Justiz beim Ausschaffe vum Gesetzprojet am Mëttelpunkt. D'Justiz war am Aarbechtsgrupp fir d'Reform vun der Police judiciaire vertrueden an huet och duerno nach mam fréiere PJ-Direkter Jeff Neuens un enger Textpropos geschafft.

D'Autorités judiciaires hätten näischt an de Seancë vun der Chamberkommissioun Force publique ze sichen, sou de President vum SPFP a vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier. D'Autorités judiciaires géife sech ze vill an d'Organisatioun an an de Fonctionnement vun der Police Grand-Ducale amëschen. "Dat ass net ze vereinbare mam rechtsstaatleche Grondprinzip vun der Gewaltentrennung", sou de Pascal Ricquier.

Ännerungen u Gesetzprojet vum Minister?

D'Policegewerkschaft ass net averstanen, datt et sech beim Avant-Projet ëm ee "falschen Text" kéint gehandelt hunn. Dat hat de Minister Etienne Schneider gesot, nodeems de Procureur General Martine Solovieff am August Kritik um Text vun der Policereform geäussert hat.

Op dës Kritik hi wieren am Projet de loi verschidde Linne gestrach ginn, a wahrscheinlech Iwwerleeungen aus dem Livrable vum deemolege PJ-Direkter Jeff Neuens dobäi gesat ginn, sou de Pascal Ricquier. "Dat heescht, datt verschidden Artikele betreffend den SPJ einfach an ouni een ze froen oder driwwer ze diskutéieren, vum Minister ëmgeännert goufen.

Arméi "muss nees mat zwee Féiss op de Buedem"

Wat d'Restrukturéirung vun der Arméi ugeet, geheit de SPAL (Syndicat professionnel de l'Armée luxembourgeoise) dem Verdeedegungsminister vir, si z'iwwerlaaschten. D'Lëtzebuerger Arméi wier just ee Batailloun a keng riseg Arméi, sou de Vizepresident vun der SPFP a President vun der Arméisgewerkschaft Christian Schleck. Hie kritiséiert virun allem, datt a spezialiséiert Technologië wéi Satellitten, Dronen oder ee Fliger investéiert géif ginn.

De Fliger, an dee Lëtzebuerg sech akaaft hätt, géif net a Friddensgebidder agesat ginn. "Do muss Lëtzebuerg sech seriö Gedanke maachen, ob mir prett sinn, wa mir bis eng Kéier a sou Missioune ginn, a wat do eventuell d'Konsequenze kënne sinn." D'Lëtzebuerger Arméi misst nees mat zwee Féiss op de Buedem kommen, sou de Christian Schleck.

Schéissen, niewent Flüchtlingen?

Froe stellt d'Arméisgewerkschaft sech och iwwert de Flüchtlingscamp zu Dikrech net wäit vum Härebierg, deen zënter November Refugiéen empfänkt.

Déi Leit wiere viru Waffe fortgelaf. "Ech hoffe just, datt dat net dozou wäert féieren, datt mir net méi däerfen do uewe schéisse wéinst de Flüchtlingen", sou de Christian Schleck.

Wéi ee Gesetz fir d'Police?

Spezifesch Froe stellt sech och de President vun der Policegewerkschaft SNPGL. Um Conseil des Délégués huet de Pascal Ricquier sech gefrot, u wéi ee Gesetz d'Police sech am Moment sollt halen. "Hale mir eis un d'Reform vum Staatsbeamtestatut oder hale mir eis un dat aktuellt Policegesetz?" De President vum SPFP bedauert, datt d'Generaldirektioun vun der Police keng kloer Äntwert op déi Fro hätt. D'Vermëschung vun deenen zwee Gesetzer géif "massiv Problemer" mat der Personalpolitik an der Police mat sech bréngen.

Niewent deene ville Kritike vun der Police- an Arméisgewerkschaft un de Reforme ware sech all déi Concernéiert eens, datt eng gutt Zesummenaarbecht zwëschent Police an Arméi an dësen Zäiten néideg wier.