D’Regierung huet d’Detailer vun der Steierreform de Moien am Sennenger Schlass presentéiert. Dobäi waren de Premier Xavier Bettel, de Finanzminister Pierre Gramegna, de Vize-Premier Etienne Schneider an de Justizminister Felix Braz, an de Radio 100,7, dee vun der Plaz infoméiert huet.
E Freideg ware sech d'Ministeren, d'Fraktiouns- an d'Parteicheffe vun den dräi Regierungsparteien Eens ginn. Um Mesurëpak, deen de radio 100,7 d'läscht Woch public gemaach hat, ass enger gutt informéierter Source no, näischt méi geännert ginn.
Virgesi si gréisstendeels Steierreduktioune fir Privatpersounen a Betriber an Héicht vun e puer Honnert Milliounen Euro.
Den 100,7 en direct: (um 10 Auer)