arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shell net konform zu de Sécherheetsreegelen

Ëmwelt

|
reading time

1 min

Shell net konform zu de Sécherheetsreegelen

D'Sanéirungskonzept dat Shell proposéiert huet, geet net weit genuch. Esou reagéiert den Ëmweltministère op d'Fuite op der Aire de Berchem, bei där ufanks Juli 55.000 Liter AdBlue ausgelaf waren. De Ministère fuerdert den Tankstellebedreiwer Shell elo op, ee méi wierksamt Sanéierungskonzept ze presentéieren.

reading time

1 min

No Recherchen hat de radio 100,7 ufanks der Woch d’Fro opgeworf, ob Shell, virundeems 55.000 Liter Dieselzousaz AdBlue op der Aire de Berchem ausgelaf waren, konform mat de Sécherheetsreegele war oder net. Den Tankstellebedreiwer war der Meenung, datt dat deen Ament de Fall gewiescht wier. Den Ëmweltministère ass anerer Meenung.

"Et ass evident, datt opgrond vun engem zousätzlechen Arrêté, deen am Joer 2015 geholl ginn ass, Shell an engem Punkt net konform ass", esou de Staatssekretär am Ëmweltministère, de Camille Gira.

"Keng duebel-wänneg Réier"

D’Réier, duerch déi den AdBlue leeft, hätten dem Text vum Ëmweltministère no, schonn 2015 - also virun der Fuite - missen duebel-wänneg sinn an deemno méi robust.

Organismes Agréés si responsabel fir d'Kontrollen

Wéisou dem zoustännege Ministère d'Lacunë bei de Kontrollen net opgefall wier, wier haut keen Thema gewiescht, esou de Camille Gira. D’Responsabilitéit géif dem Staatssekretär no och souwéisou bei den organismes agréés leien, déi d’Kontrollen ausféieren.

Shell bleift dobäi: si wiere konform zu de Sécherheetsreegele gewiescht.

play_arrow AdBlue - De Bäitrag vum Maxi Pesch