Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes: Spëtzekandidat an der Stad?

Gemengewalen

Serge Wilmes: Spëtzekandidat an der Stad?

De Serge Wilmes ass potentiellen CSV-Spëtzekandidat bei de Gemengewahlen 2017 an der Stad. D'Vivianne Loschetter vun déi Gréng wëll net méi kandidéieren. A sech op déi national Politik konzentréieren.

auto_stories

1 min

Serge Wilmes (CSV)

De Serge Wilmes huet gutt Chancë fir d’nächst Joer bei de Gemengewahlen an der Stad Lëtzebuerg CSV-Spëtzekandidat ze ginn. Dat hunn eng Rei Membere vun der Stater CSV-Sektioun dem radio 100,7 confirméiert. Eng formell Decisioun wier awer nach net geholl.

De Serge Wilmes ass Historiker vu Formatioun an zënter 2011 Deputéierten an der Chamber. De 34-jährege Politiker ass Auteur vun engem Buch iwwert d'Chamber : ''C wéi Crémant - d'Chamber vun A bis Z''.

Vivianne Loschetter geet net méi mat

Och bei de Grénge lafen d’Preparatiounen. Déi gréng Schäffe Viviane Loschetter kandidéiert net méi an der Stad. Dat huet si dem radio 100,7 confirméiert. Si géif hiert aktuellt Mandat am Stater Gemengerot fäerdeg maachen. Dono wëll déi gréng Fraktiounscheffin sech eegenen Aussoen no ganz op déi national Politik konzentréieren.

100,7-Informatiounen no sollen d’Sam Tanson an de François Benoy Spëtzekandidate fir déi Stater Gréng ginn. Och dat muss awer nach formell vun de concernéierte Gremien decidéiert ginn.