Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sanktiounen treffen och déi eege Wirtschaft"

Commerce

"Sanktiounen treffen och déi eege Wirtschaft"

Russland ass ee wichtegen Handelspartner fir d'EU an och fir Lëtzebuerg. De Commerce ass awer zeréckgaangen. Dat léich net nëmmen un de Sanktioune géint Russland, betount de Jeannot Erpelding. Dem Direkter fir international Affairë bei der Chambre de Commerce no géifen och de schwaache Rubel an d'Uelegpräisser eng grouss Roll spillen.

auto_stories

4 min

Jeannot Erpelding

Russland wier nach ëmmer e wichtegen Handelspartner fir Lëtzebuerg, betount de Jeannot Erpelding, Direkter fir international Affairë bei der Chambre de Commerce. Traditionell wieren Entreprisen aus ville Secteuren a Russland aktiv, zum Beispill dem Finanzsecteur, derIndustrie oder dem Beräich Engineering. Ma den Handel wier awer staark zeréckgaangen zënter deem d'EU 2014 wéinst dem Ukrainkonflikt Wirtschaftssanktioune géint Russland erhuewen hat.

De Jeannot Erpelding betount awer, datt net nëmmen d'Sanktiounen un der Situatioun Schold wieren. De schwaache Rubel an d'Uelegpräisser géifen och eng grouss Roll spillen. D'Produite wiere fir déi russesch Entreprisen ze deier ginn an dat géif d'Exporter vu Lëtzebuerger Betriber staark concernéieren, esou den Direkter fir international Affairë bei der Handelskummer.

Cliente kommen net zeréck

D'Sanktiounen, dat wier eng politesch Decisioun an dofir wier de politesche Risiko héich, wann eng Entreprise géif mat de sanktionéierte Staaten Handel bedreiwen. "Et weess een net, wéi laang d'Sanktiounen unhalen, wat si genau betreffen an ob si ausgebaut oder zeréck geholl ginn. Dat ass ee moving target, dee politesch gedriwwen ass. Mee d'Ekonomie huet dorënner ze leiden."

Ma net nëmmen d'Staaten, géint déi d'Sanctiounen ausgeschwat géife ginn wiere concernéiert, ënnersträicht de Jeannot Erpelding. "Och déi eegen Ekonomie an Industrie gëtt dovunner getraff."
Déi sanktionéiert Staate géife sech dann aner Handelspartner a Fournisseure sichen, zum Beispill a China, Indien oder d'Tierkei. "Speziell bei Invesitiounsgidder an Industrieanlagen ass et schwéier, Clienten erëmzegewannen, déi ee verluer huet - och nodeems d'Sanktiounen erëm opgehuewe ginn oder sech d'Situatioun verbessert huet", bedauert de Jeannot Erpelding.

Indirekt concernéiert

Laut dem Direkter fir international Affairë bei der Handelskummer dierft een net vergiessen, datt et och Lëtzebuerger Entreprise géif ginn, déi a Russland selwer géife produzéieren a primär géife fir de russesche Marché schaffen. Dorënner zum Beispill Guardian, Paul Wurth oder Accumalux. Si wieren zwar manner vum schwaache Rubel betraff, well si am Land selwer géife produzéieren. Ma dat géif net bedeiten, datt de Marché nach ëmmer esou wier, ewéi virun de Sanktiounen. Déi intern Consommatioun a Russland wier zeréck gaangen. Da géifen zum Beispill manner Autoe kaaft ginn, an deemno géifen och d'Zouliwwerer vun der Autosindustrie manner verkafen. "Iwwer dee Béier sinn dann och d'Entreprisen ekonomesch getraff."

Och d'Géigesanktioune säitens Russland géint Agrarprodukter aus Europa hätten en Impakt op Lëtzebuerger Entreprisen. "Direkt, mee an engem gréissere Mooss indirekt." D'Mëllech aus EU-Staaten hätt zum Beispill missen an Europa bleiwen an dat hätt d'Mëllechpräisser staark ënner Drock gesat."

"En Turning-point"

Am Iran ass d'Situatioun eng aner: Do sinn d'EU-Sanktiounen uganks des Jores opgehuewe ginn. Dëst nodeems den Iran d'accord war fir keng Atomwaffen ze produzéieren. Mëtt Oktober war Lëtzebuerg am Iran op Wirtschaftsmissioun. Dat wier awer net déi éischt Missioun am Iran gewiescht, ënnersträicht de Jeannot Erpelding. Schonn éier d'Sanktiounen opgehuewe gi wieren, hätt een éischt Kontakter opgebaut. Elo wier awer jiddereen dorun interesséiert, fir mam Iran Handel ze bedreiwen. "Et kritt een zu Teheran kaum nach een Hotelszëmmer. Wirtschaftsdelegatiounen aus allen Häre Länner pilgeren dohinner, fir Geschäfter ze maachen."

Och d'Lëtzebuerger Entreprisë wéissten, datt den Iran als Handelspartner Potential hätt. Déi iranesch Regierung hätt Programmer lancéiert fir grouss Investissementer ze maachen - an d'Infrastrukturen, d'Pëtrolsindustrie an an d'Moderniséierung vun de Banken. An all deene Beräicher kéinte Lëtzebuerger Firmen hire Marché fannen, mee och an der Industrie, der Automobilsproduktioun, de Servicer, dem Finanzsecteur an der Logistik. Wichteg wier, datt de Wëlle fir zesummenzeschaffen op béide Säiten do wier. "Et ass een Turning point, ee Mentalitéitswiessel komm."

Gutt oppassen

Geschäfter mat iraneschen Entreprisen ze maachen, dat wier awer net esou einfach, betount den Direkter fir international Affäre bei der Chambre de Commerce. An engem éischte Schrack géif et dorëms goe fir eng due diligence ze maachen a sech potentiell Partner unzekucken. "Well et besteet nach ëmmer eng schwaarz Lëscht, et ginn nach ëmmer Partner, mat deenen een net dierf schaffen." Et misst ee gutt oppassen, well een net ëmmer direkt geséich, wien hannert de Firme géif stoen.

Aus deem Grond géife sech besonnesch am Consulting Beräich Chancen opdoen an et hätt och schonn déi eng oder aner Lëtzebuerger Consultingfirma am Iran Fouss gefaasst. "Jiddereen, deen dohanne wëll Geschäfter maachen, ass dorop ugewisen, déi richteg Tuyauen ze kréien."

De gréisste Problem, dee bei all de Geschäfter géif opkommen, wier de Finanzement, esou den Expert fir international Affairen. Keng Lëtzebuerger Bank wier bereet ze kooperéieren, an Transferte vu Suen ofzewéckelen. Dëst géif doru leien, datt bestëmmte Sanktiounen nach géife bestoen an d'USA hir Sanktiounen net opgehuewen hätt. "D'Banke sinn nach ëmmer exposéiert, vis à vis vun den Amerikaner." Géif eng Bank géint d'Sanktioune verstoussen, kéint si vum US-amerikaneschen Department of Justice ugesicht ginn an dat kéinten "phänomenal héich Zomm sinn."

De Jeannot Erpeldeng bedauert, d'Lëtzebuerger Banke wieren nach net risikobereet genuch fir sech an déi nei Marchéen eranzewoen. Vereenzelt Banke géife sech trauen, mee net zu Lëtzebuerg.


Lëtzebuerger Handelsbezéiungen