Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rowdie musse bestrooft ginn"

Verkéier

"Rowdie musse bestrooft ginn"

Ze héich Vitess soll mat Prisong bestrooft ginn. Dat fuerdert de President vun der Sécurité Routière, de Paul Hammelmann. Wien ze séier fiert, géif virsätzlech d'Liewe vun anere Mënschen op d'Spill setzen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / lightpoet

Verschidden Infraktioune géingen zu Lëtzebuerg net adequat bestrooft ginn, bedauert de Paul Hammelmann. Mat senger Fuerderung sollen déi Chauffere penaliséiert ginn, déi virsätzlech d’Liewe vun Aneren op d’Spill setzen.

Déi Mesure hätt och e präventive Charakter, mengt de President vun der Sécurité Routière. Si géing et erméiglechen, d'Chauffeuren ze bestrofen, ouni datt fir d'éischt misst e schlëmmen Accident geschéien oder Leit zu schued kéimen. "Esou Rowdie mussen eng adaptéiert Strof kréien, falls si erwëcht ginn. Soss léieren déi ni eppes bäi."

A Frankräich ass et méiglech

Dës "Rowdien" hätten eng "Intentioun een ëmzebréngen". Mee kann een déi Intentioun juristesch noweisen? De Paul Hammelmann ass och Affekot. Hien erkläert, an der franséischer Jurisprudenz wier dat méiglech, well et géing als "Homicide" gewäert ginn.

"Et ass esou datt wann een eppes mécht, dat fir aner Mënsche manifestement geféierlech ass, a bei deem et ëm d'Intégrité physique an ëm d'Iwwerliewe geet, da gëtt een automatesch condamnéiert. Et ass ee censéiert ass ze wëssen datt ee Mënschen a Liewensgefor bréngt." Zu Lëtzebuerg wier d'Gesetzeslag anescht.

Verlooss op d'Radaren?

Den Transportminister François Bausch seet zu der Fuerderung vun der Verkéierssécherheet, datt dat net säi Ressort wier. Et wier um Justizministère, fir de Fall ze préiwen.

Zënter datt d'Radaren operationnell sinn, géingen d'Leit awer generell méi lues fueren, esou dem François Bausch säi Bilan. D'Radaren hätten och e psychologeschen Effekt. Se géingen drun erënneren, datt d'Vitesse-Limitatioune misste respektéiert ginn.

"Egal wéi vill Radaren do stinn, et ass eng Wohltat fir d'Verkéierssécherheet", fënnt och de Paul Hammelmann. Éier d'Radare komm wieren, wier bekannt gewiescht datt Lëtzebuerg e Paradäis fir sougenannte Raser wier. "D'Leit wëssen elo, datt Lëtzebuerg kee rechtsfräie Raum méi ass."