Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierreform "eigentlech keng Reform"

Caritas-Spriecher

Steierreform "eigentlech keng Reform"

Déi staark Schëllere sollen an Zukunft méi droen, wéi déi schwaach Schëlleren – sou huet d'Regierung hir Proposen zur Steierreform presentéiert. Dat géif och mat deene Mesurë geschéien, awer just zum Deel, sou de Caritas-Spriecher Robert Urbé. Et wier nach vill méi Sputt do.

Christiane Kleer

auto_stories

5 min

Fir de Robert Urbé (Caritas) ass d'Steierreform "éischter een Dréien u verschidde Schrauwen"

Et ass méi Sputt do fir eng Ëmverdeelung tëscht de groussen an de klenge Revenuen. Där Meenung ass de Caritas-Spriecher. Méi wäit hätt ee, senger Meenung no, zum Beispill kënne bei der Entlaaschtung vun den Elengerzéier goen, an zwar andeems een de Steierkredit méi wéi verduebelt hätt, an andeems een d'Monoparentauxen aus der Steierklass 1a vun de bestuete Koppelen eraus géif huelen."Mir bevirdeelegen hei Bestuetener,  a mir benodeelege Kanner. Et wier méi richteg, wann een d'Steierklass 2 géif virgesi fir Leit mat Kanner, an net fir déi déi just bestuet sinn", sou de Robert Urbé. Dobäi wieren d'Elengerzéier bekanntlech déi, déi am Meeschten ënner dem Aarmutsrisiko géife leiden. 

De Robert Urbé kritiséiert och, datt de Steierkredit réischt vun engem Joresgehalt vun 11.265 Euro un verduebelt gëtt. "Déi Kleng profitéieren dovun net", sou de Caritas-Spriecher. Ëmgedréint ass et senger Meenung no "net néideg" dës Form vun Entlaaschtung an déi méi héich Salairen eraspillen ze loossen (bis 40.000 Euro Joresgehalt si virgesinn). "Déi Suen hätt een ënne méi kënnen asetzen", seet de Caritas-Spriecher. 

Kee Geld fir "deieren Elektroauto" 

Datt de Spëtzesteiersaz an Zukunft bei 42% soll leien, fënnt de Robert Urbé gutt, mee och do hätt ee senger Meenung no kënne méi wäit goen. D'LSAP hätt jo proposéiert fir bis 45% ze goen, dat wier de richteg Wee gewiescht, sou de Robert Urbé. Hien bedauert och, datt net an d'Richtung vun enger Verméigenssteier an enger Ierfschaftssteier iwwerluecht ginn ass. 

Proposë vun der Regierung a Saache Steierreform gesinn och eng ganz Rei nei oder méi héich Abattemente vir, zum Beispill soll wann et ëm d’Zousazpensioun (3.200 Euro onofhängeg vum Alter) geet, oder fir een Elektroauto ze kafen (5.000 Euro). Bréngt dat och eppes an de niddrege Gehaltssegmenter? Do äntwert de Robert Urbé mat "Nee". "Déi vu weder d'Suen fir sech eng Zousazpensioun ze leeschten, nach fir sech een deieren Elektroauto ze kafen", sou de Robert Urbé. 

Emweltverschmotzung méi besteiere wéi Aarbecht

Alles an allem wier d'Regierung a ville Punkten "op hallwem Wee stoe bliwwen". "Dat hei ass eigentlech keng richteg Reform, mee éischter een Dréien u verschidde Schrauwen", sou de Robert Urbé. Dat géif een och bei den ekologeschen Aspekter vun der Reform gesinn. Hei hätt een, zum Beispill, op de Wee vum "Pollueur-Payeur-Prinzip" kënne goen. "Domat hätt een déijéineg besteiert déi Ëmwelt verbrauchen, Loft a Waasser zum Beispill. Et hätt een dat méi héich kënne besteiere wéi d'Aarbecht, dat wier eng fundamental Reform gewiescht", sou de Robert Urbé. 

D'Moossname fir de Logement déi an der Steierreform virgesi sinn gesäit de Robert Urbé gréisstendeels positiv. Et géif zum Beispill "an déi richteg Richtung" goen, datt Loyere vu Wunnengen déi Proprietairen un Organisme wéi d'Agence immobilière sociale (AIS) gi just nach zu 50% besteiert ginn. De Staat alleng kéint och de Retard, deen et am soziale Wunnengsbau géif ginn net alleng ophuelen. Berechnunge vun der Caritas no feelen 30.000 Sozialwunnengen zu Lëtzebuerg. 

D'Reduzéierung vun der Besteierung vum Verkaf vun Terrainen a Wunnengen (vum hallwen Taux op ee véirels Taux) gesäit de Robert Urbé méi kritesch. Hien ass zwar der Meenung datt doduerch méi Biense wäerte verkaaft ginn. Mee hei géif een Denkfeeler geschéien. "Et ass eng deier Geschicht, well do op Steiere verzicht gëtt amplaz genau de Géigendeel ze maachen, nämlech déi Leit, déi Terrainen zeréckhale mat engem Steiersaz ze bestrofen, dee vu Joer zu Joer eropgeet, sou dat si géife gezwonge ginn ze verkafen", sou de Robert Urbé. Do misst een da just déi Persounen eraushalen, déi Biense fir sech selwer oder hir Kanner halen. 

Kritik u Reform vum Kannergeld

Grad wéi de Staatsrot a sengem Avis ass och d'Caritas iwwerdeems ganz kritesch wat d'Reform vum Kannergeld ugeet: hei géifen Ongläichheete geschaf ginn, déi een awer duerch gewëss Adaptatioune kéint ausbesseren. 

Grad wéi de Staatsrot fuerdert d'Caritas, zum Beispill, datt eng Etude realiséiert gëtt iwwer d'Käschten déi eent oder méi Kanner verursaachen. "Et ass besonnesch bei eis am Land, zum Beispill esou, datt een drëtt oder véiert Kand méi kascht, well ee méi Wunnraum, an deen ass relativ deier", sou de Robert Urbé. Deemools hätt ee vun der Ministesch gesot kritt, et wier net genuch Zäit do fir esou eng Etude ze maachen.

"Lo ass et schonn iwwer ee Joer hir, datt mer dat fir d'éischt gesot hunn. Mëttlerweil wier d'Etude fäerdeg an et kéint een drop bauen, amplaz lo ee Gesetz ze maachen, wat keng Grondlag huet a wat ee sécher an e puer Joer muss veränneren", sou nach de Robert Urbé, deen awer aanescht wéi de Staatsrot déi geplangten Universalitéit vum Kannergeld net a Fro stellt. "Ménagen déi mat Kanner déi gutt do stinn, kënnen ëmmer nach benodeelegt si vis-à-vis vun Ménagen déi keng Kanner hunn", sou de Caritas-Spriecher, an déi zwee dierft ee net géinteneen ausspillen.