Net mat Optimismus, mee mat Realismus, géif hien an déi Reunioun goen, sou de Minister am 100,7-Interview. Bei enger Tripartite-Reunioun virun engem Mount konnte fundamental Oneenegkeeten tëschent de Sozialpartner net aus dem Wee geraumt ginn. Dat virun allem bei der Aarbechtszäitverkierzung an der Verlängerung vun der Referenzperiod (den Zäitraum bannent deem méi flexibel Aarbechtszäiten net direkt als Iwwerstonnen ugesi ginn). D'Pan-Gesetz vun 1999 huet Referenzperioden vun engem Mount agefouert. D'Patronat hätt gäer, datt dës Period op bis zu véier Méint verlängert gëtt.
Kloer wier, datt et net zu enger allgemenger Verkierzung vun der Aarbechtszäit kéint kommen. Den Nicolas Schmit ass géint eng gesetzlech festgeluechte sechst Congéswoch, esou wéi den OGBL se fuerdert. Wann iwwer eng Flexibiliséierung vun der Aarbecht geschwat gëtt, misst een dat zesumme mat enger Aarbechtszäitverkierzung gesinn. Mee dat misst respektiv am spezifesche Kontext gekuckt ginn, an net am allgemengen Aarbechtsrecht.
"Jiddferee muss hei capabel sinn, sech ze beweegen"
D'Ausso vum UEL-Generaldirekter Jean-Jacques Rommes (viru Wochen hei op der Antenn), datt eng Hausse vun de Congésdeeg just iwwer seng Läich géif agefouert ginn, huet den Nicolas Schmit och kritiséiert. "D'Läichen léist een entweder am Keller, am Schaf oder am Beschten huet ee keng. Mir sinn net hei an engem Krich, wou et Läiche gëtt. Jiddferee muss hei capabel sinn, sech ze beweegen."
Wat geschitt, wann et ee Méindeg op en Neits kee Konsens sollt ginn? "Let's cross that bridge when we come to it", äntwert demn LSAP-Minister. Hie géif sech fir ee Konsens asetzen. An da misst ee kucken, wéi et weider geet.